Wikipedia:Kategorien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikelen a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorië selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdnet ginn.

Kategorië kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:

  • D'Anuerdnung vun Artikelen an eng Klassifikatioun
  • D'Zouweisung vun Artikeltypen zu Artikelen
  • Verschlagwuertung vun Artikeln
  • Grondlag fir statistesch Auswäertungen iwwer d'Zesummesetzung vun den Artikelen.

Grondleeëndes[änneren | Quelltext änneren]

D'Artikelkategoriséierung vu Wikipedia erfollegt duerch e ganz flexibelt Verfueren. Dëst Verfueren ass multihierarchesch a léisst méifach Zouuerdnungen zou. An der Informatik ass dëse Prinzip als Méifachverierwung bekannt. Prinzipiell kann all Auteur all Kategorie definéieren, d'Hierarchiestruktur änneren etc. Fir datt dës wënschenswäert Fräiheet awer net dozou féiert, datt de Sënn vun der Kategoriséierung, dat heescht d'Fanne vun Artikelen a bestëmmte Beräicher souwéi d'Méiglechkeet vu statisteschen Aussoen letzlech nëmme ginn ass, well den Nummraum vun de Kategorië komplett chaotesch wuchert, gëllt fir d'Lëtzebuerger Wikipedia folgend Verfueren:

Déi graff Struktur vun der Kategoriséierung an eenzel Haaptkategorien, Haaptopdeelungen an Artikeltype ginn initial duerch interesséiert Benotzer am Konsens festgeluecht. Séchergestallt muss dobäi ginn, datt statistesch Graffanalyse vun der Wikipedia zu jidder Zäit méiglech sinn. Dofir muss d'Zuel vun den ieweschte Kategorië relativ begrenzt sinn. Weiderhi soll d'Uleeë vun Hierarchiestrukturen, déi net funktionéieren, sou schwéier wéi méiglech gemaach ginn.

Ännerungen an dëser Graffstruktur kënnen nëmme mat engen neie Konsens mat Abezéie vun de méigleche Folge geschéien.

An den Haaptkategorië leeën interesséiert Fachberäicher d'Strukture fest. Wéi dat genee gehandhaabt gëtt, ass dem jeeweilege Fachberäich selwer iwwerlooss.

Grondprinzip[änneren | Quelltext änneren]

D'Artikelen op der Wikipedia ginn no dräi ënnerschiddleche Prinzipie kategoriséiert:

  1. dem "gehéiert-zum-Fachgebitt"-Prinzip (belongs-to)
  2. dem "ass-en-(Deel vun)"-Prinzip (is-a)
  3. mat enger geographescher/zäitlecher Fixéierung.

Den éischte Prinzip gëtt iwwer d'Haaptkategorie gesteiert, den zweeten iwwer d'Artikeltypen, den drëtten iwwer d'Fixéierungen. D'Kombinatioun aus dëse Merkmaler definéiert a wéi een Tirang den Artikel gestach gëtt. Sou ass zum Beispill de "Josy Braun" e "Linguist" (Artikeltyp), an doriwwer eraus e Lëtzebuerger Linguist, wat hie gläichzäiteg an d'geographesch Fixéierung "Lëtzebuerg" klasséiert.

Hiweiser fir Auteuren[änneren | Quelltext änneren]

Auteuren, déi Artikele klassifizéiere wëllen, sollte w.e.g. op folgendes oppassen: Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorië gehéieren oder zu enger Ënnerkategorie vun dëser Haaptkategorie. Wann ee sech mat den Ënnerkategorie vun engem Haaptberäich net sou genee auskennt, dann ass et am beschten, den Artikel an d'Haaptkategorie ze setzen, an d'Detailaarbecht deenen z'iwwerloossen, déi sech am Fachberäich auskennen.

Wéi setzen ech mäin Artikel an eng Kategorie ?[änneren | Quelltext änneren]

En Artikel gëtt an eng Kategorie gesat, andeems Dir w.e.g. um Enn vum Artikel folgendes hischreift:

[[Kategorie:X]]

Fir Artikelen alphabetesch ze sënneren, wat bei Persounen gerode gëtt, musst Dir folgendes schreiwen:

[[Kategorie:X|Y]]

Als Beispill:

[[Kategorie:X|May Karl]]

Fir d'Kategorië selwer ënnereneen opzedeelen, musst Dir nom nämmlechte Prinzip verfueren.

Lëscht vun alle Kategorien[änneren | Quelltext änneren]

E puer Konventiounen zu geographeschen Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  1. An de Kategorië gëtt d'Méizuel gebraucht (z. B. "Flëss" an net "Floss").
  2. Soulaang just e Grapp voll Artikelen an enger Kategorie sinn, muss déi Kategorie net vun Ufank un de Länner oder der Schonggréisst no ënnerdeelt sinn (z. B. muss ee wéinst engem eenzegen Artikel iwwer Bern net direkt eng nei Kategorie "Stad Bern" opmaachen, mä vun enger gudder Dosen un oder sou mécht dat scho Sënn).
  3. Wann eng Kategorie de Länner no ënnerdeelt gëtt, da gebrauche mir d'Méizuel zesumme mam Numm vum Land hannendrunn (z. B. "Flëss an Däitschland" an net "Däitsch Flëss" oder "Flëss (Däitschland)").
  4. Zu Lëtzebuerg sinn eis Häipe kategoriséiert no "Uertschaften zu Lëtzebuerg", "Gemengen zu Lëtzebuerg" a "Stied zu Lëtzebuerg" (z. B. fält d'Stad Lëtzebuerg gläich an all dräi Kategorien).
  5. All net-lëtzebuergesch Häipe stinn am Genoss vun engem méi einfache System: "Uertschaften an Xxxxx" a "Groussstied an Xxxxx". Eng Groussstad ass eng Stad mat op d'mannst 250.000 Awunner, woubäi déi doten Zuel keen Dogma ass, mä jee no Land no uewen oder no ënne korrigéiert ka ginn ("grouss" huet jo net an all Land genee déiselwecht Bedeitung). All Groussstad ass och gläichzäiteg eng Uertschaft. Groussstied hunn iwregends hir eege Groussstadkëscht a soss gréisser Uertschaften hir och (mä leider den Ament nach net all an Templateform).
  6. Wa mer Kategorien iwwer Lëtzebuerg hunn, da gebrauche mer, wann nëmme méiglech, d'Adjektiv "Lëtzebuerger" an net "Lëtzebuergesch".