Wikipedia Diskussioun:Artikel/Neien Artikel schreiwen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Säit entspären[Quelltext änneren]

  1. Dës Säit schéngt gespaart ze sinn, et missten awer e puer Ännerunge gemaach ginn, kann een Admin déi evtl. entspären?
  2. Dës Säit mécht Problemer am Menü riets, ech kommen net drop wat do lass ass mat der Schabloun, vläischt läit et dorunner, datt dës Säit iwwert en Redirect ereecht gëtt?

Merci am viraus. --Benotzer:Art'n'go 10:25, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien Art'n'go,

ech hunn d'Spär ewechgemaach. Déi war do, well alt ëmmer nees Ufänger iertimlech déi Säit geläscht haten an do hiren neien Artikel geschriwwen hunn.

Ech hunn och ewell erausfond, firwat: Well d'Säit net "Wikipedia:Neien Artikel schreiwen" housch, mee einfach "Neien Artikel schreiwen" (an domat ënner déi 'normal' Artikele klasséiert war). "Wikipedia" ass de 'Prefix' vun deenen Hëllefs- an Explikatiounssäiten iwwer d'Wikipedia, wou s de grad dru schaffs. Ech hunn dofir dës Säit geréckelt.

Dat war warscheinlech och de Grond, firwat s de Problemer beim Verlinken has.

Op jidderfall nach eng Kéier merci, dech deene Beschreiwungssäiten emol systematesch (a mat der néideger kritescher Distanz, well s de nach relativ nei derbäi bass) unzehuelen, wat Lacunen oder Ongereimtheeten ubelaangt. Net zécken, ze froen, wann eppes net kloer ass, oder e Wuert op der Diskussiounssäit ze hannerloossen. --Zinneke 11:09, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Mojen Zinneke,
Merci, dat schéngt alles logesch. Ech hunn déi Säit dann emol verbessert an nei strukturéiert (e Versuch). Mat dem Link an der Schabloun:Éischt Schrëtt klappt et nach ëmmer net: den Artikel misst am Fong esou heeschen: Wikipedia:Artikel/Neien Artikel schreiwen an net Wikipedia:Wikipedia:Neien Artikel schreiwen (sou ass en an der Schabloun verlinkt). Vläischt kanns Du dat méi effizient änneren wéi ech. --[[Benotzer:Art'n'go|]] 12:27, 25. Jul. 2009 (UTC)


Moien och
Ech hunn emol Redirekten op den anere Säite g'ännert an den neien direkte Link dragesat.
E steet elo nach just iergendwou an de Systemmessagen. Soubal wéi ech Robby eng Kéier op der Strëpp hunn informéieren ech hien doriwwer. Hie wess do besser Bescheed ewéi ech.
Les Meloures 11:33, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Merci wa jiddwereen mathëlleft geet et nach méi séier. --[[Benotzer:Art'n'go|]] 12:27, 25. Jul. 2009 (UTC)


Remoien,

De Redirect deen elo nach an de Systemmessage steet verschwënnt héchstwahrscheinlech eréischt no engem Updéit vum ganze System. do hu mer keen Afloss drop an et kann e puer Deeg daueren.

De Message an deem e steet gouf verbessert.

Les Meloures 13:16, 25. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]