Wikipedia Diskussioun:Schmunzeleck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Numm vun der Säit[Quelltext änneren]

Fir de sëllechen hei veréiwegte Schreiwer net zevill op d'Zéiwen ze trëppelen: Wier et net besser, den Artikel "Kuriositéiten a Präziosien", oder sou ze nennen? "schlechte Witz" kléngt mer e bësse vill pejorativ...

- Zinneke.

"Kuriositéiten a Präziosien". Dat ass e ganz gudde Virschlag. --Cornischong 16:39, 16 Januar 2006 (UTC)

  • Lëschteges aus der Wiki ass mäi Virschlag. Dem Cornischong seng Kuriositéiten a Pràziosien klenge mer zevill geschwollen. A schlecht Witzer ass wierklech zevill pejorativ. Johnny Chicago 17:00, 16 Januar 2006 (UTC)
Sou kënnt een a Saachen eran. Ech hat de "Cut - Paste" erwëscht. Den Zinneke ass den Erfinder vum "Kuriositéiten a Präziosien". Ech hat nëmmen an d'Hänn geklappt. --Cornischong 17:21, 16 Januar 2006 (UTC)
    • Egal wien de Virschlag gemeet huet, Kuriositéiten ...... ech fannen en nach emmer zevill geschwollen. En anere klenge Virschlag:Schmunzeleck Johnny Chicago 18:13, 16 Januar 2006 (UTC)

Ech wollt den Titel net zevill attraktiv maachen, net datt nach e Concours entsteet fir op dës Sàit ze kommen. Schmunzeleck fannen ech awer och ganz passend. --Otets 18:15, 16 Januar 2006 (UTC)

Ech si fir Schmunzeleck. --Cornischong 19:36, 16 Januar 2006 (UTC)

Ech entscheede mech dann och fir Schmunzeleck Johnny Chicago 19:39, 16 Januar 2006 (UTC)

D'Majoritéit huet decidéiert. --Otets 20:35, 16 Januar 2006 (UTC)

Déi eenzel Präziosen[Quelltext änneren]

OK, hei passt d'Wikipedie eigentléch hin. Hat dat nët direkt fonnt.--Hackerstiwwel 12:11, 16. Okt 2008 (UTC)

Zur Vocatioun vum Schmunzeleck: Hei ka just en Admin Hoaxen no hirer Läschung als Artikel op der Wikipedia histellen, wa se a sengen Aen droleg an authentesch Präziose sinn. Als einfache Benotzer direkt Saache fir de Schmunzeleck fabrizéiren a se do derbäisetze geet dogéint net. Wéi hei driwwer scho steet, et soll kee Concours entstoe fir op dës Säit däerfen ze kommen, Hoaxe sinn ëmmerhi banale Vandalismus, och wa se heiansdo schmunzelen dinn. D'Decisioun wat heihi "gerett" gëtt a wat einfach just an den Nirvana fortgeläscht gëtt bleift dowéinst den Admine virbehalen. --Otets 17:35, 16. Okt 2008 (UTC)


Em wéi eng zwou Testpersounen handelt et sech bei de Behaaptungen vum Hackerstiwwel?


'Wéi ass de Numm vun deenen zwou Testpersounen, déi vum Benotzer Hackerstiwwel als Wikipedie-Kranker bezeechent gin a sengem Artikkel: "Wikipedie" am Schmunzeleck?

Moien emol, fir mol just bei der Frëndlechkeet ze bleiwen déi nach ëmmer als Stéifkand hei behandelt gëtt.
De Wann ech gelifft schengt och zënter kuerzem gestuerwen ze sinn. Dobäi hat deen nach méi Chance wéi de Merci. Vun deem hate wéi et schéngt e puer Anonymer matkritt, datt e schonns am Ufank vun der Grënnung vun der lb:Wiki um Katterwang erhéngert ass.
Fir beim Schmunzelen ze bleiwen: Et ass de Benotzer vu Wikipedia strengsten verbueden fir den Numm vun Testpersounen bekannt ze ginn.
Les Meloures 10:37, 30. Okt 2008 (UTC)

Waat ass daat do e Quatsch! Schummt iech!

daat hei as eng Warnung: huelt w.e.g. déi zwou Persounen, déi vum perversen Hackerstiwwel belästegt gin a guffen, vun Ärem site eroof. Wann Dir daat net maacht, da geet de Fall op d'Geriicht.

Wat wëllt Dir datt vum Site soll erofgeholl ginn jeweils de ganzen Artikel vun denen 2 Persoune ou de benotzer Hackerstiwwel eppes op d'Diskussiounsäit geschriwwen huet? oder just déi jeweileg Commentaire vum Benotzer Hackerstiwwel? mat beschte Gréiss --Robby 09:36, 17. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Direkt an d'Box?[Quelltext änneren]

Gëtt elo direkt an d'Box gemaach, wann een Anonymen hei vu Geriicht schreift? An deem Text, deen elo erausgeholl gouf, gesinn ech keen Hauch vun enger Undeitung vun engem Numm! An ech verstinn iwwerhaapt net, wat deen Text mat "zwou Persounen, déi vum perversen Hackerstiwwel belästegt gin a guffen" ze di soll hunn. Et mag jo interessant sinn, fir ze wëssen, datt den Hackerstiwwel "pervers" ass, awer fir de Schwanz bei engem Stuerm am Goldfëschglas bäi ze zéien, kënnt mer zimmlech lächerlech vir. --Cornischong 09:59, 17. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Läschen vun: "WikipediE"[Quelltext änneren]

Argumentatioun:

-Et ass onméiglech, datt et sou Leit an enger encyclopédie get! Am Fall, wa sou Leit gären eng Säit hätten an der Wikipedia-Enzyklopedie, da géifen se KENG Säit kréien, well mir jo awer schließlech eng seriö Enzyklopedie sollte sin, oder net?

-Et huet sech ausserdeem erausgestallt, datt den Hackerstiwwel, deen desen Andrag gemaat huet, wéi een jo ka gesin, na ni eppes op Wikipedia mattgeschafft huet, (ausser, wéi ee jo ka gesin, seng ganz perséinlech Beschëllegung un zwou Persounen ausgelooss huet, déi eng Säit an der Wikipedia hun). Eng vun desen zwou Persounen huet ausserdeem schon säit Joëren wertvoll Aarbecht an der Wikipedia geleescht.

Duerfir gesin ech et als wichteg a souguer noutwendeg un, "WikipediE"(!?!?!) erauszehuelen. Daat weist nämlech och drop hin, datt mir alleguerten als Mattaarbechter vun der lëtzebuergëscher Wikipedia net eescht ze huelen wiren!

matt léiwe Gréiß, en treien an engagéierten Mattaarbechter.