Wikipedia Diskussioun:Wéi een en Artikel schreift

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Säit Mindestufuerderunegen. Menger Ménung no enstsprécht mol selwer dës Säit nit den Midestufuerderunegen, well si erkläert mol nit waat am titel gemengt ass d.h. waat mindestens an engem Artikel soll dran sinn. Dofun stét ké Wuert op deser Säit. Si erkläert soos é ganze koup aaner Saachen awer nit daat waat én sich erwwart. Les Meloures 16:31, 16 Juli 2006 (UTC)

D'Perfektioun schéngt wierklech net vun dëser Welt ze sinn. Wéi wëlls de eigentlech erklären, wat en engem Artikel "mindestens soll dra sinn"? Mee, ee Moment: Ass dat z.B. net en ineressant Thema fir e Freideg duerchzeplouen? Ech ginn dervun aus, datt e Freideg eng gutt Méiglechkeet ass, fir OCH dat (a vill anerer) duerchzepoteren. Wanns de zu e puer bass, da kanns de der net gutt de Luxus leeschten, datt 300 Leit un neien Artikele schreiwen, 400 steiderescher sech an Diskussiounen zerbalegen, an de Rescht Vakanz mécht. Schreif der am beschten fir e Freideg déi Punkten op, déi no leien. Et wäert e laangen Owend ginn, well ech hunn och nach e puer Honnert Problemer, déi nach net geléist sinn. Mol eng direkt Fro: Wat erwaarts de vun där Säit? So mer mol dat, an ech kucke fir et fir elo kuerz a bënneg z'äntweren. --Cornischong 18:11, 16 Juli 2006 (UTC)