William Ruto

Vu Wikipedia
William Ruto
Gebuertsnumm William Kipchirchir Samoei Arap Ruto
Gebuer 21. Dezember 1966
Kamagut
Nationalitéit Kenia
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei UDA
Famill
Bestuet mat Rachel Ruto

De William Kipchirchir Samoei Arap Ruto, gebuer den 21. Dezember 1966 zu Kamagut, ass e kenianesche Politiker (UDA). Hien ass zanter dem 13. September 2022 de fënnefte President vun der Republik Kenia a Parteipresident vun der UDA, déi sech 2020 vun der fréierer PDR ëmbenannt hat.

Virdru war hien tëscht 2002 an 2013 Deputéierten an hat verschidde Ministeschfonktiounen, dorënner vun August bis Dezember 2002 déi vum Inneminister, vun 2008 bis 2010 vum Landwirtschaftsminister a vun Abrëll bis Oktober 2010 vum Minister fir Héichschoulbildung. Vun 2013 bis 2022 war hie Vizepresident vum Land.

Seng Wal zum President, den 9. August 2022, war mat 50.49 % vun de gëltege Stëmmen knapps zu senge Gonschten ausgaangen, soudatt säi Konkurrent am Ballotage, de Raila Odinga, den Ausgang kontestéiert huet.[1] D'Iewescht Geriicht vum Land huet dem Ruto d'Walvictoire awer zougesprach.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Ruto – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Kenya election: Raila Odinga challenges William Ruto win in Supreme Court." bbc.co.uk, 2022-08-22.
  2. "Kenya's Supreme Court upholds Ruto's narrow presidential win." Associated Press, 2022-09-22.