Zwielef

Vu Wikipedia
12

Déi natierlech Zuel Zwielef (12) ass d'Nofollgerin vun der Eelef an d'Virgängerin vun der Dräizéng. Et ass eng zesummegesat Zuel a si ass gerued.

D'Zwielef ass eng abundant Zuel, well d'Somm vun den Zuelen duerch déi se sech deele léisst, Deeler genannt, (1, 2, 3, 4 a 6) méi grouss ass wéi se selwer.

Dat réimescht Zeeche fir d'Zwielef ass XII.

E Polygon mat zwielef Säiten ass en Dodekagon.

Am Periodesystem vun der Chimie ass d'Zwielef d'Uerdnungszuel vum Magnesium.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zwielef – Biller, Videoen oder Audiodateien