Bréck Gare Houwald
De Bau vun der Bréck (August 2022) | |
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz |
Lëtzebuerg (Gaasperech) Gemeng Hesper (Houwald) |
Koordinaten |
49° 34’ 52.3’’ N 06° 07’ 57’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Bréck fir ëffentlechen Transport, Foussgänger a Vëloen |
Féiert iwwer |
CFL-Linn 6 CFL-Linn 4 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Dunnebréck |
Material | Stol |
D'Bréck bei der Gare um Houwald ass eng Bréck déi zanter 2022 am Bau ass an iwwer déi d'Linn T1 vum Stater Tram an och Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald, iwwer d'Gare Houwald an iwwer d'Zuchgleiser ewech, am Uschloss un d'Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen[1].
Historique[änneren | Quelltext änneren]
De Bau vun der Bréck gouf bis Enn 2023 duerch eng juristesch Streiderei ëm eng Parzell, déi dem Olos Fund gehéiert, gehënnert: De Staat huet 2020 eng Expropriatiounsprozedur vun der Parzell fir utilité publique an d'Weeër geleet, déi awer vum Proprietär viru Geriicht a Fro gestallt gouf. Am Dezember 2023 gouf eng Eenegung am Gudden tëscht Proprietär a Staat fonnt.[2] Fir virunzekommen, gouf awer schonn 2022 mam Bau vun enger schmueler Versioun vun der Bréck ugefaangen, nërdlech vun der contestéierter Parzell.[3] Dat bréngt mat sech, datt den Tram do bis op Weideres just op engem Gleis fuere kann, bis dat Stéck, dat feelt, ka bäigeprafft ginn.
Op der Bréck ass d'Tramshalt Howald Gare, a vun do kënnt een erof op d'Quaie vun der Zuchgare an op de Pôle intermodal Howald fir en Iwwergank op Busser.
Biller[änneren | Quelltext änneren]
-
Nërdlechen Deel vun der Bréck; Tramshalt, Zougang op d'Gare (Mee 2024).
-
Accès vun der Rue des Scillas erop op d'Bréck; eréischt déi nërdlech Hallschecht ass gebaut (Mee 2024)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Bréck Gare Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
- ↑ "Den Ausbau vum Tram um Houwald kann endlech virugoen." rtl.lu, 06.12.2023.
- ↑ Mathilde Obert: "Ce qui bloque vraiment le chantier du tram à Howald." paperjam.lu, 19.08.2022.