Gare Houwald

Vu Wikipedia
Gare Houwald
D'Gare Houwald (Dezember 2017)
Streck 6
PK 14,400
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Houwald
Gemeng Hesper
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 34’ 52’’ N
      06° 07’ 57’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Houwald ass eng Zuch-Gare, déi den 10. Dezember 2017 mat engem éischte Quai opgaangen ass. Se lèäit op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Bierchem vun der Lëtzebuerger Eisebunn, D'Zich a Richtung Beetebuerg, an doriwwer eraus a Richtung Esch-Uelzecht an a Frankräich kënnen do stallhalen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

2016 hunn d'Aarbechten mam Bau vum éischte (vun am Ganzen zwéin) Quaien ugefaangen.[1] Am Dezemeber 2017 gouf se. zäitgläich mat der Gare Pafendall-Kierchbierg an deem éischten Deelstéck vum Tram, a Betrib geholl.

Am Januar 2024 hunn d'Bauaarbechte fir den zweete Quai ugefaangen, sou datt dräi Joer dono d'Zich vun Esch do stallhale sollen,[2] iwwerdeems d'Zich aus Frankräich, wann dann déi nei Linn op Beetebuerg a Beteib ass, um 'ale' Quai stallhalen, an esou déi zwou Strecke komplett vun enee getrennt sinn. Och de Balast an d'Gleiser ginn 2024 dofir op 6 km ersat.[3]

Den Tram, dee bis bei de Stadion verlängert gëtt, hält vum 7. Juli 2024 un direkt iwwer der Gare stall. Dofir gouf uganks 2021 mam Bau vun enger neier Bréck ugefaangen. Do dernieft gëtt nach eng Busgare amenagéiert, fir sou e kamouden Iwwergang tëscht den eenzelen Transportmëttelen z'erméiglechen[1]. Dësen intermodale Pol soll och bis 2024 fäerdeg sinn.[4]

Och den Neibau vum Lycée technique du centre soll wéinst dem gudden Uschloss nieft d'Gare kommen; e soll bis 2027 fäerdeg sinn.[5]

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

An den éischten 11 Méint, an deene se a Betrib war, goufen am Ganzen 185.743 Passagéier do gezielt.[4]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Neue 'Gare Howald', neue N3, neue Quais am Hauptbahnhof." wort.lu, 9. März 2016 um 18:38.
  2. Frank Weyrich: "Neue Phase beim Streckenausbau: Baubeginn für zweiten Bahnsteig in Howald im Januar." wort.lu, 11.12.2023.
  3. https://blogcfl.lu/fr/travauxprojets/la-mobilite-redefinie-a-howald La mobilité redéfinie à Howald."] Travaux/Projets op cfl.lu, 07.02.2024.
  4. 4,0 4,1 " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.
  5. "Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck." 100komma7.lu, 16. Jan 2019 - 12:00.