Äisbriecher (Schëff)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dat däitscht als Äisbriecher perfektionéiert Fuerschungsschëff „Polarstern“
En Äisbriecher ass e Schëff, dat speziell dofir gebaut oder ausstafféiert ass, fir duerch zougefruerent Waasser (Mier oder Séi) fueren ze kënnen, fir sech selwer oder fir aner Schëffer ee Wee duerch d'Äis opzemaachen oder opzehalen.
Eegeschaften [änneren]
Eng Rei vu Conditioune muss en Äisbreecher géinteniwwer normale Schëffer erfëllen:
- E soll eng Bug- oder Rompform hunn, déi net nëmmen d'Äis brécht, mee och déi gebrachen Äisbléck ënnert oder iwwert d'Äisdecken dréckt, sou datt den opgemeete Waasserwee och fräi bleift;
- D'Schëffsbaussenhaut muss besonnesch stabil gebaut sinn, fir net vu den Äismassen agedréckt ze ginn;
- D'Motorleeschtung muss héich genuch sinn, datt d'Schëff ënner schwéire Conditioune virukënnt;
- Propeller a Rudder mussen esou beschafe sinn, datt se net um Wee duerch d'Äis Schued leiden.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Äisbriecher – Biller, Videoen oder Audiodateien |