Émile Benoit (Resistenzler)

Vu Wikipedia
Émile Benoit
Erënnerungsplack fir den Emile Benoit zu Marche am Rempart des Jésuites
Gebuer 2. Januar 1921
Nassogne
Gestuerwen 18. Juli 1944
Marche-en-Famenne
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Resistenzler, Student

Den Émile Benoit, gebuer den 2. Januar 1921 zu Nassogne, a gestuerwen den 18. Juli 1944 zu Marche, war e belsche Student a Resistenzler.[1]

Bei Krichsausbroch war de Benoit Jurastudent op der Universitéit vu Léck. Do war hie Sekretär vun der Union des étudiants luxembourgeois a Member vun der Ligue du Sacré-Coeur.

Hien huet sech direkt an der Resistenz engagéiert a war Chef vun der Zone III vum MNB[2] dee vum Aimé Dandoy a sengem Brudder Georges de 17. Dezember 1940 zu Etterbeek op N° 62, rue de l'Étang gegrënnt gi war. Déi Resistenzgrupp hat eng Ënnergrondpress an d'Liewe geruff an de Benoit gouf Chef provincial fir d'Provënz Lëtzebuerg an hie war Chef vum Ënnerstëtzungsfong fir Refractairen. Doriwwer eraus huet e Membere fir den M.N.B. rekrutéiert an huet gehollef alliéiert Piloten aus der Belsch z'evakuéieren.

Den 18. Juli, wéi hie vu Petithan koum, wou hien d'Nuecht iwwer bei engem Resistenzler war, ass hien der Feldgendarmerie déi him eng Fal gestallt hat an d'Gräpp gelaf. Den Offizéier, Franz Lang huet sech bei hien hannen op d'Motorrad gesat, an huet e gezwongen op Marche ze fueren. An der Entrée vu Marche huet de Benoit sech mam Motor fale gelooss fir dem däitschen Offizéier lasszeginn. Wéi hien doropshi fortgelaf ass huet den Offizéier op hie geschoss. De Benoit ass ënner de Schëss gefall an um Rempart des Jésuites gestuerwen.[3] Haut erënnert eng Plack op der Mauer un dat trauregt Evenement.

Den Émile Benoit war och ee vun de Matgrënner vum Foussballklub vun Nassogne a fir un hien z'erënnere krut 1976 den neie Foussballsstadion den Numm Stade Émile Benoit.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Plaque commémorative située : Rempart des Jésuites en mémoire de Émile Benoit
  2. Noruff publizéiert op bel-memorial
  3. Nassogne et le football en deuil op Le blog de Nassogne - Les infos de la commune de Nassogne