.raw
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
.raw (englesch raw = réi) ass d'Kennzeeche fir en Dateiformat an der Informatik. Dëst Kennzeeche gëtt bei Raw-Dateien mam Punkt un hire Numm ugehaang (z.B.: Camerabild.raw). Et handelt sech ëm en Dateiformat dat haaptsächlech fir Fotoe gebraucht gëtt, an dat besonnesch bei digitale Kamerae gebraucht gëtt. An enger Raw-Datei sinn d'Donnéeën nach net verschafft a si bidden dofir géigeniwwer JPG-Dateien Virdeeler, wat hir Qualitéit ugeet. Si kënnen och spéider méi flexibel veraarbecht gi wéi JPG-Dateien.
D'Raw-Dateien sinn op eege Fauscht vun de verschiddene Camerafabrikanten entwéckelt, hunn ofwäichend Kennzeechen, a sinn dofir am allgemengen, och wann de Prinzip deeselwechte bleift, leider net ëmmer ënnertenee kompatibel.
[änneren] Raw-Datei-Kennzeechen
- Adobe Digital Negative: *.DNG
- Canon RAW: *.CRW, *.CR2
- Contax RAW: *.RAW
- Epson RAW: *.ERF
- Fuji RAW: *.RAF
- Hasselblad RAW (3F RAW): *.3FR
- Kodak RAW: *.DCR, *.DCS *.KDC (für EasyShare P850)
- Leica-RAW: *.RAW, *.DNG
- Mamiya RAW: *.MEF
- Minolta RAW: *.MRW, *.MDC
- Nikon RAW: *.NEF
- Olympus RAW: *.ORF
- Panasonic RAW: *.RAW
- Pentax RAW: *.PEF
- Phase One RAW: *.Tif
- Sigma RAW: *.X3F
- Sinar CaptureShop RAW für Macintosh: *.CS1, *.CS4, *.CS16
- Sony RAW: *.SRF, *.SR2, *.ARW (für Sony DSLR-A100)