ABC-Plooschter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den ABC bei der ABC-Plooschter steet fir Arnika-Belladonna-Capsicum annuum.

1928 huet de Professer Raubenheimer fir d'éischt Extrakter aus Arnika, Belladonna a Capsicum an enger Heel-Plooschter verschafft. Duerch d'Planze-Wierkstoffer kënnt et zu enger besserer Duerchbluddung vun der Haut an hëlleft doduerch z. B. bei engem Hexeschoss, Muskelverspanungen oder rheumateschen Erkrankungen.

D'ABC-Plooschter huet sech séier zu engem bewährten an allsäits bekannten Heelmëttel entwéckelt. Zënter dëser Zäit ass d'Plooschter ëmmer weider entwéckelt ginn. Mee och déi international wëssenschaftlech Fuerschung huet Interessi um Wierkstoff Capsaicin, dem Wirkstoff vum Cayennepeffer, gewisen. De Wierkungsmechanissem vun der Substanz a säin Afloss op d'Peng sinn intensiv ënnersicht ginn.

Um Spaweck [änneren]