AIDA Cruises

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D' AIDAcara mat dem fir AIDA-Schëffer typeschen Ustrach
Dat neit Flaggschëff AIDAdiva

AIDA Cruises ass eng Reederei mat Sëtz zu Rostock. Als Duechtergesellschaft vun der Costa Crociere S.p.A. gehéiert si zu den elo zwielef Croisièresgesellschafte vun der Carnival Corporation & plc.

AIDA ass net d'Bezeechnung vun engem eenzelne Croisièresschëff, mee déi iwwergräifend Bezeechnung vun enger ganzer Flott vu Schëffer.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Entreprise

D' Entreprise AIDA Cruises (virdru Seetours) ass an Däitschland féirend, wat d'Ugeboter vu Croisièren ugeet. Am Joer 2006 goufe vun hir 239.000 Passagéier transportéiert; den Ëmsaz huet ca. 408 Milliounen Euro erreecht, wat engem Maartundeel vu 35% entsprécht. AIDA Cruises beschäftegt neierdengs 2.400 Persounen aus 25 Länner. Dovun si ronn 2.000 Persounen u Bord vu de Schëffer an 400 u Land beschäftegt.

Am Joer 2000 huet d'P&O Princess Cruises eng Majoritéit vun 51% um Kapital vun der Entreprise Seetours iwwerholl. Zënter der Fusioun vun der P&O Princess mat dem Carnival-Grupp am Joer 2003 gehéiert elo och AIDA Cruises zur Carnival Corporation & plc, dem weltwäit gréissten Ubidder vu Croisièren.

Vum 1. November 2004 un, féiert d'Gesellschaft d'Firmebezeechnung AIDA Cruises German Branch of Costa Crociere. D'Entreprise gehéiert vun do un zu enger aneren Duechter vu Carnival, der italieneschen Costa Croisièren. Dat erkläert, firwat d'AIDA-Flott zënter 2004 ënner italieneschem Pavillon fiert.

[änneren] Flott

D'Flott vun AIDA Cruises besteet aus de Schëffer AIDAcara (zënter 1996), AIDAvita (zënter 2002), AIDAaura (zënter 2003) an AIDAdiva (zënter 2007). All fueren se ënnert italieneschem Pavillon. Doheem si s'am Hafe vu Genua. Vun 2004 bis Mäerz 2007 huet och d'AIDAblu zur Flott gehéiert. Si ass dunn un déi englesch Reederei Ocean Village verkaaft ginn a gouf duerch d'AIDAdiva ersat. Bis zum Joer 2012 soll d'AIDA-Flott vu 5.400 op 16.384 Better erweidert ginn, a bis dohin all Joer en neit Schëff bäikréien.

[änneren] Literatur

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: AIDA – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen