Adolf Erik Nordenskiöld

Vu Wikipedia
Adolf Erik Nordenskiöld
Gebuer 18. November 1832
Helsinki
Gestuerwen 12. August 1901
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Explorateur, Kartograph, Schrëftsteller, Geolog, Geograph, Mineralog, Politiker, Botaniker, Aristokrat
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie, American Academy of Arts and Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

Den Adolf Erik Nordenskiöld, och nach bekannt als A. E. Nordenskioeld, gebuer den 18. November 1832 zu Helsinki a Finnland, a gestuerwen den 12. August 1901 op Dalbyö am Södermanland) war e Polarfuerscher vu finnlandschweedescher Ofstamung, deen a Schweden geschafft huet.

Hien huet fënnef Fuerschungsreesen op Spitzbergen ënnerholl (1858, 1861, 1864, 1868, 1872/1873), eng Expeditioun a West-Grönland (1870) an zwou Reesen duerch d'Karamier bis zum Jenissej (1875 an 1876).

Vun 1878 bis 1880 ass e mat der "Vega" als Éischten déi sougennannt Nordost-Passage gefuer, also laanscht d'ganz Nordküst vun Europa bis an Asien. 1883 huet en eng weider Expeditioun ënnerholl fir vun der Westküst vu Grönland aus d'Bannenäis z'erfuerschen.

D'Nordenskiöld-Sammlung vu karthographeschem a geographeschem Material an der Universitéitsbibliothéik zu Helsinki gehéiert zum UNESCO-Gediechtnes vun der Welt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adolf Erik Nordenskiöld – Biller, Videoen oder Audiodateien