Akihito

Vu Wikipedia
Akihito
Gebuertsnumm 継宮明仁親王
Gebuer 23. Dezember 1933
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Monarch, Ichthyolog, Fuerscher, Zoolog, Mierbiolog
Famill
Papp Hirohito
Kanner Naruhito

De Keeser Akihito (jap. 明仁), gebuer den 23. Dezember 1933 zu Tokio, war vum 7. Januar 1989 bis den 30. Mäerz 2019 um japanesche Chrysanthementhroun a war den 12. November 1990 offiziell zum 125. Tennō vu Japan proklaméiert ginn.

Hien ass dat véiert Kand an eelste Jong vum Keeser Hirohito (1901–1989) an der Keeserin Kōjun (1903–2000). 1952 gouf hien offiziell zum Krounprënz ernannt. Den Akihito ass den éischte japanesche Keeser, dee studéiert huet. Nieft Ekonomie a Politikwëssenschaft huet hie sech mat Mieresbiologie, méi genee mat Ichthyologie. befaasst. 1967 huet hien eng international unerkannt Publikatioun iwwer Grundelen erausbruecht, vun deenen eng Aart (Exyrias akihito) 2005 no him genannt gouf.[1]

Hien ass zënter dem 10. Abrëll 1959 mat der Keeserin Michiko (geb. Shoda Michiko), enger net-adleger Dame, bestuet.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

D'Kesserkoppel huet drâi Kanner:

Als éischte japanesche Keeser huet den Akihito offiziell net méi e gottänleche Status vun engem himmleschen Herrscher an Nokomme vun der Sonnegëttin Amaterasu, mä gëllt – der Verfassung no – als Staatssymbol vu Japan.

A Japan gëtt de Keeser aus Respekt net mat sengem Numm genannt. Hie gëtt als Tennō Heika (天皇陛下, "Seng Majestéit, den himmlesche Souverain") oder Kinjō Heika (今上陛下, "Seng aktuell Majestéit") oder einfach Tennō genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Akihito – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Life in a goldfish bowl, timesonline.co.uk, 24. Mee 2007.