Alain Kohl
Alain Kohl | |
---|---|
Gebuer | 25. August 1982 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Alain Kohl, gebuer de 25. August 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e professionelle lëtzebuergesche Waassersportler am Tuermsprangen.[1]
No e puer Joer an der olympescher Disziplin huet hie bei d'Klippesprénger gewiesselt a gouf do 2006 de Fënneften op der Weltmeeschterschaft.
Hie war vum 14. Oktober 2002 bis den 2. Mäerz 2006Member vun der Section sports d'élite de l'armée vun der Lëtzebuerger Arméi.[2]
No 2008 an 2010 ass 2011 déi 3. Saison, an där den Alain Kohl un de 'Red Bull Cliff Diving World Series' deelhëllt.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- (de) www.alainkohl.at
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Portrait vum Alain Kohl op der Websäit vu Red Bull
- ↑ Sportifs de la Section de Sports d'Elite de l'Armée (SSEA) Archivéiert op 2022-09-20. Gekuckt de(n) 21. Juli 2020.