Algirdas Butkevičius

Vu Wikipedia
Algirdas Butkevičius
Gebuer 19. November 1958
Nationalitéit Litauen
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Sozialdemokratesch Partei, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Demokratesch Aarbechterpartei, Kommunistesch Partei
Famill
Papp Jonas Butkevičius

Den Algirdas Butkevičius, gebuer den 19. November 1958 zu Paežeriai am Krees Radviliškis, ass e litauesche Politiker.

Hie war vum 22. November 2012 bis den 22. November 2016 Premierminister vum Land. Zanter dem 7. Mäerz 2009 ass hie President vun der Lietuvos socialdemokratų partija, der Litauescher Sozialdemokratescher Partei.

Den Algirdas Butkevičius huet op der Technescher Universitéit Vilnius fir Wirtschaftsingenieur am Bauwiese studéiert. 1984 bis 1990, dem Enn vun der Sowjetunioun, war hie Bauleeder a Stadarchitekt an der Regioun Vilkaviškis. Hien huet bis 1995 an der Administratioun vun deem Krees geschafft, a gouf dann, am Privatsecteur, Responsabel fir d'Vente vun der Baufirma "AB Vilkasta". Ee Joer drop gouf hien an dat litauescht Parlament Seimas gewielt, wou en duerno bis ewell erëmgewielt gouf. Schonn 1990 hat hie politiesch Mandater am Krees-Conseil vu Vilkaviškis.

Hien ass zanter hirer Neigrënnung Member vun der Sozialdemokratescher Partei vu Litauen. Zanter 1995 war en am Conseil vun der Partei, vun 1997 bis 1999 an nees zanter 2001 war e Member vum nationale Comité vun der LSDP.

Vun November 2004 bis Mee 2005 war de Butkevičius Finanzminister a vum Juli 2006 bis November 2008 Verkéiersminister.

Am Mee 2009 war hie Kandidat vu senger Partei fir d'Presidentewalen, gouf awer net gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Algirdas Butkevičius – Biller, Videoen oder Audiodateien