Amedeo Modigliani

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Modigliani "Jiddesch Fra" 1908

Den Amedeo Modigliani, gebuer den 12. Juli 1884 zu Livorno an der Toskana, a gestuerwen de 24. Januar 1920 zu Paräis, war en italienesche Kënschtler mat jiddeschen Originnen, de gemoolt a skulptéiert huet.

Den Amedeo war dat véiert Kand vum Flaminio Modigliani a senger Fra, der Eugenia Garsin. Nodeem sengem Papp säi Geldwiessel-Geschäft faillite gaange war, huet d'Famill an Aarmut gelieft. Mat 14 Joer huet den Amedeo ugefaange matmolen. Seng schlecht Gesondheet huet et him net erlaabt, mat sengen Etüd weiderzefueren. Tëscht 1901 an 1905 ass en duerch Italien gereest fir sech z'erhuelen. Déi meescht Zäit huet en a Muséeën domat verbruecht, sech zu Roum, zu Florenz an zu Venedeg déi al Meeschteren unzekucken.

1906 koum en op Paräis, wou en dräi Joer blouf. Seng éischt Paräisser Biller erënneren un den Toulouse-Lautrec

Commons: Amedeo Modigliani – Biller, Videoen oder Audiodateien