Amy Winehouse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Amy Winehouse (2007)

D'Amy Jade Winehouse, gebuer de 14. September 1983 zu London an och do gestuerwen den 23. Juli 2011, war eng britesch Sängerin, déi bekannt war fir hir kräfteg Alt-Stëmm an hire Mix vu verschiddene Musekgenrë wéi R'n'B, Jazz, Pop, Soul a Ska.

Hir erfollegräichste Single an Europa war Rehab, mat deer se 2007 an d'Charts koum.

An de Boulevardmedie gouf se als fënneffach Grammy-Gewënnerin gefeiert, mee si war do awer och dacks präsent wéinst hirem Drogen- an Alkoholkonsum, wéinst deem se ë.a. 2007 kuerzfristeg eng Rei Festivalstermäiner huet missen ofsoen, grad ewéi 2011 hir Comeback-Tournee duerch Europa. Den 23. Juli vun deem Joer ass si am Alter vun nëmme 27 Joer dout an hirer Wunneng fonnt ginn. D'Obduktioun huet spéider erginn, datt si 4,16 Promill Alkohol am Blutt hat.[1]

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Discographie

[änneren] Albumen

  • Frank - 2003
  • Back to Black - 2006
  • Lioness: Hidden Treasures (posthum) - 2011

[änneren] Singelen

  • Stronger Than Me - 2003
  • Fuck me pumps / I heard love is blind - 2003
  • Take the Box - 2004
  • In My Bed / You Sent Me Flying - 2004
  • Pumps / Help Yourself - 2004
  • Rehab - 2006
  • You Know I'm no Good - 2007
  • Back to Black - 2007
  • Tears Dry on Their Own - 2007
  • Valerie (feat. Mark Ronson) - 2007
  • Love Is a Losing Game - 2007
  • B Boy Baby (Mutya Buena an Amy Winehouse) - 2007
  • Just Friends - 2008
  • Body and Soul (Duet mam Tony Bennett) - 2011
  • Our Day Will Come - 2011

[änneren] Um Spaweck

Commons: Amy Winehouse – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. "Amy Winehouse starb an Alkoholvergiftung". Süddeutsche Zeitung, 2011-10-26.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen