Andy à Luxembourg

Vu Wikipedia
D'Entête vun Andy à Luxembourg

Andy à Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft a franséischer Sprooch. Si viséiert héich Manager vun Entreprisen, Affekoten, Politiker an aner aflossräich Persounen[1] a bitt Artikelen iwwer Theeme wéi Wirtschaft a Luxus. Si gouf 2006 vum Jerôme Bloch gegrënnt an inspiréiert sech un der Paräisser Zäitschrëft "Andy à Paris", déi och vum Bloch gegrënnt gouf.[2]

2012 hat d'Zäitschrëft eng Oplo vun 10.000 Exemplairen, vun deenen der 3.000 direkt bei d'Leit heem oder an de Büro geschéckt ginn, 3.000 a Golf- oder anere Clibb verdeelt an 2.500 op iwwer 100 anere Plazen ënner d'Leit bruecht ginn. 1.500 gi bei Evenementer ugebueden, déi vun der Firma BGS Crossmedia, zu där Andy à Luxembourg gehéiert, organiséiert ginn.[3] Och 2022 louch d'Oplo nach bei 10.000 Exemplairen.

Andy à Luxembourg kënnt zweemol d'Joer eraus, am Juni an am Dezember.

D'Redaktioun huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 360crossmedia.com: Mediakit Andy-Duke (gekuckt den 1. August 2022)
  2. myofst.com: Jérôme Bloch Entrepreneur par nature (16. Mee 2012; gekuckt de 7. Juni 2012)
  3. Présentation: Andy à Luxembourg - Un magazine de communication (24. Mee 2012; gekuckt de 7. Juni 2012)