Apollo-Rettungsrakéit

Vu Wikipedia
Test vum Apollo Rettungssystem zu White Sands am Juni 1965
CSM mat LES

D'Apollo-Rettungsrakéit (engl.:Apollo Launch Escape System, LES) war e Rettungssystem fir d'Astronaute vum Apollo-Programm. Fir de Fall, datt et beim Start eng Noutsituatioun géif ginn, sollt d'System d'Apollokapsel vun der Spëtzt vun der Saturn-Rakéit aus der Geforenzon bréngen. D'Kapsel wier dann, wéi bei engem normalen Neesantrëtt un hire Fallschiermer gelant. Dee Fall war ni agetrueden, sou datt den LES bei kengem vun den Apollo-Starten aktivéiert gouf.

D'Rettungsrakéit (oder de Rettungstuerm oder Launch Escape Tower (LET)) gouf iwwer dem Apollo-Kommandomodul (CM) montéiert a war d'Spëtzt vun der Startkonfiguratioun. Bei der Saturn V war se 10,05 Meter héich, hat en Duerchmiesser vu 66 Zentimeter an e Gewiicht vu 4,17 Tonnen. Dräi Feststoffrakéite mat ënnerschiddlechen Aufgabe waren integréiert:

  • Déi gréisst war fir den Undriff an huet fir 3,2 Sekonnen e Schub vu 689 kN entwéckelt.
  • Déi zweet huet fir déi richteg Lag gesuergt; a gouf mam Steierungssystem mam Numm "Q-Ball" kontrolléiert.
  • Déi lescht war fir d'Trennung vum CM an LES no der erfollegräicher Flucht zoustänneg, gouf awer och bei engem normale Start benotzt, fir an 90 km Héicht den Tuerm vum Raumschëff Apollo ze trennen.

Fir de Kommandomodul virun den Undriffsgase vum Rettungssystem wéi och virun der Reiwungshëtzt vun engem normale Start ze schëtzen, war iwwer der Kommandokapsel nach e Schutzmantel, Boost Protective Cover (BPC) genannt.

D'System konnt sech selbststänneg aktivéieren oder manuell ausgeléist ginn. Wann den LES zum Asaz komm wier, da wieren d'Astronauten enger Acceleratioun vun iwwer 15 G ausgesat ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie