Automatic Terminal Information Service
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Automatic Terminal Information Service (ATIS) diffuséiert automatesch Informatiounen iwwert e Fluchhafen (z. B. Meteo). Déi Informatioune mussen all d'Piloten, déi op engem Fluchhafe lande wëllen, oflauschteren.
Beispill [änneren]
| Message | Explikatioun |
|---|---|
| Luxembourg ATIS Arrival Information Bravo at 1 8 2 0 |
|
| Runway in use : 2 4 | D'Piste déi benotzt gëtt ass d'24 (240°) |
| Transition level 5 0 | Ënner FL 50 gëtt d'Héicht mam reelle Loftdrock erausfonnt (hei z.B 1036 Hectopascal)
Iwwer 4.000 Fouss gëtt de standardsméissege Loftdrock 1013 Hectopascal benotzt. |
| Wind : Runway 24 touch-down point : 250°, 6 knots | De Wand kënnt um Opsetzpunkt vun der Piste 24 vun 250° mat 6 Kniet. |
| Visibility : 6 Kilometers | D'Visibilitéit läit bei 6 Kilometer |
| No significant cloud | Keng Wolleken |
| Temperature : 1 | Temperatur 1° Celsius. |
| Dew point : 0 | Dapunkt bei 0° Celsius. |
| QNH 1 0 3 6 hPa | Loftdrock : 1.036 Hectopascal, gëtt benotzt fir d'Héicht vum Fliger erauszefannen. |
| Trend : No significant Changes | Keng gréisser Ännerunge virgesinn |
| You have received Information Bravo | Enn vum Message |