Badminton

Vu Wikipedia
Badminton
Fiederball
Typ Rackettspill, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1992
Federatioun
International International Badminton Federation
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de badminton
Ursprong
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 2
Spiller (Maximum) 4
Gebraucht gëtt Badmintonrackett, Fiederball, Filet (Sport), Badmintonterrain, Maschinn fir Säiten ze spanen
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Viktor Axelsen (Häreneenzel 2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Akane Yamaguchi (Dammeneenzel 2022)


Badminton ass besser bekannt als Fiederball, mä ass mëttlerweil well sou bekannt datt och Hobby-Spiller dëse Begrëff benotzen. Op der ganzer Welt sinn iwwer 14 Millioune Spiller an 156 Länner aktiv.

"Fiederbäll"

Badminton gehéiert zu de Réckschlagsportaarten a gëtt mat engem Fiederball (Shuttlecock) a jeeweils enger Rackett pro Persoun gespillt. De Ball muss iwwer d'Netz an dem Géigner säin Terrain gespillt ginn. D'Badmintondisziplinne sinn Eenzel, Dubbel a Mixt. Badminton gëtt bal nëmmen an der Hal gespillt.

Badminton zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet am Ganzen 23 Badmintonclibb déi am nationale Verband federéiert sinn. Et gëtt Jugend-, Senior, Loisir- a Veteran-Championnater. Ausserdeem gëtt et all Joer eng "Coupe de Luxembourg" an eng Jugend-, Senior- a Veteran-Landesmeeschterschaft. Fir d'Seniore gëtt et d'Masters-Tournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt) a fir d'Jugend d'Grandprixtournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt).

Ranking[änneren | Quelltext änneren]

De Ranking am Badminton ass an d'Klassen A, B, C, D agedeelt, woubäi A déi bescht ass. All lizenzéierte Spiller fänkt als D35 un a kann duerch Plussen, déi een kritt, wann ee géint ee gläich oder méi héich klasséierte Spiller gewënnt, eng Klass opklammen. Falls ee géint ee méi niddreg oder gläich klasséierte Spiller verléiert kann een och Minusse maachen. Et brauch een 12 Plusse fir eng Klass ze steigen oder 6 Minusse fir eng Klass ze falen.
Klassen: D35 - D30 - C25 - C20 - B15 - B10 - A05- A00

FELUBA[änneren | Quelltext änneren]

D'lëtzebuergesch Badmintonfederatioun heescht gekierzt FELUBA.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de badminton.

Nationalekipp[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet och eng Nationalekipp déi vum Nationaltrainer Hargiono aus Indonesien trainéiert gëtt. D'Nationalekipp ass an e Senior-, A-, B- an C-Kader agedeelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Badminton – Biller, Videoen oder Audiodateien