Ben's Club

Vu Wikipedia
Logo vun der Sendung

Ben's Club, och nach Ben's Club Live, war eng Televisiounssendung, déi tëscht 2011 an 2014 Samschtesowes op RTL Télé Lëtzebuerg gesent gouf. Se gouf vum Eldoradio-Speaker Ben Olinger zesumme mat enger Assistentin (entweeder d'Lynn Warken oder d'Nora Watgen) presentéiert.[1]

D'Sendung war eng Mëschung aus Talk- a Late-Night-Show mat Lëtzebuerger Perséinlechkeeten a Museksgruppen als Invitéen.

An den am Ganzen dräi Staffele sinn ënner anerem Bossmen, Seed to Tree, d'Dëppegéisser, D.Harmon, Mutiny on the Bounty, Open Seas an Tuys opgetrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Paperjam: Rentrée 2012-2013: Nouveautés sur RTL Télé Lëtzebuerg (13. September 2012; gekuckt de 27. Dezember 2012)