Benito Armando Archundia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Benito Armando Archundia Téllez, gebuer den 21. Mäerz 1966 zu Tlalnepantla a Mexiko, ass e mexikanesche Foussballschiidsriichter. Vu Beruf ass hien Affekot an Economist.
Professionelle Schiidsriichter ass hien zënter 1985 an international ass hien zënter 1993 aktiv. Säin éischten internationalen Asaz war d'Spill USA géint Griicheland den 28. Mee 1994.
[änneren] Seng Asätz bei groussen Turnéieren
- Bei der FIFA Club World Championship 2005 de Match FC São Paulo géint den FC Liverpool
- Bei der WM 2006 an Däitschland d'Matcher:
- Brasilien géint Kroatien,
- Frankräich géint Südkorea,
- Tschechei géint Italien,
- d'Aachtelsfinale Schwäiz géint Ukraine
- d'Halleffinale Däitschland géint Italien
Hien ass deen éischte Schiidsriichter, dee bei enger WM 5 Spiller gepaff huet.