Benotzer:Weltbierger

Vu Wikipedia

Bonjuer. Ech sinn elo zënter bal siwen Méint pensionéiert. Ech hunn e bëssen op der däitscher Wikipedia matgemaach, mee do sinn ech net esougutt eens ginn. Do hunn ech gemierkt datt et och eng lëtzeboiesch Wikipedia gëtt an dat freed mech. Wéi mäin Enkel elo an der Schoul nees dat bësse lëtzeboiesch wat se do maachen léiert, hunn ech mech och nees drugesat fir mer Méi ze ginn mat der Schreifweis, well déi ass jo elo ganz anescht. Mee sollt ech trotzdem nach Fehler maachen, fäert net fir mer et ze soen, esou léiert ee jo.

Äddi, Äre Weltbierger