Benotzer Diskussioun:Weltbierger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 18:47, 15 Februar 2006 (UTC)

Gudden Owend. Op verschiddene Säiten ass nach net alles iwwersat. Watfireng mengs de an dësem Fall? --Cornischong 18:49, 15 Februar 2006 (UTC)

Majo, wéi ech mech hei ugemellt hunn, do koum do stoe neie Kont opmaachen an dorënner war alles op englesch an drënner neess lëtzeboiesch an esou. An der däitscher Wikipedia ass awer alles richteg. Firwat ass hei alles gemëscht? --Weltbierger 18:52, 15 Februar 2006 (UTC)

Ech hu mer dat lo mol ugekuckt. Well et schonns eng Zäitchen hier ass, datt ech mech ugemellt hunn, hunn ech déi Fënster scho laang net méi gesinn. Ech ginn dovunner aus, du mengs "As a protection against automated spam, you'll need to type in the words that appear in this image to register an account:": déi gouf bis elo nach net iwwersat. Dat war eng Hällewull vu Säiten, déi hu missen iwwersat ginn, an do bleiwen nach Säite Rescht. Ech hu gefrot, well an de leschte Deeg d'Servere Problemer haten, an dowéinst e puer Texter duerchernee gahäit hunn. Wann s de nach eng Fro hues, da looss se kommen. --Cornischong 19:03, 15 Februar 2006 (UTC)

Jo, do war e Wuert an esou enger Këscht anzetippen an do war alles op englesch dodranner. Dat mengen ech. Kann een dat an d'rei bréngen oder ass do nach? --Weltbierger 19:08, 15 Februar 2006 (UTC)

Däi Lëtzebuergesch ass "verdächteg" gutt, mee erlaab mer eng Fro: Wou kënns de un d'Schreifweis "lëtzeboiesch"?? An; Wann s de wëlls, da kanns de an deng Preferenzen eng Mail-Adress aginn; dat erméiglecht et, der eng Mail ze schécken, wann een der eppes matdeele wëll, dat keen aner matkritt. Deng Adress gëtt hei kee gewuer. --Cornischong 19:17, 15 Februar 2006 (UTC)

Ass verdächteg e Kompliment oder hunn ech e Fehler gemaach? Ech wees datt a mengem Enkel sengem Buch lëtzebuergesch steet, mee esou soen ech awer net an dofir kann ech och net esou schreiwen. Et ass dat mat den Dialekten, déi Schreifweis ass jo fir s'all gutt och wann an de Bicher anescht steet. Ech hunn E-Mail op mengem Computer, mee ech brauchen dat net, ech kenne jo keen. Mäin Enkel chat domat wann en emol hei ass, mee dat ass menges näicht. Ech wollt och elo just dat mat de Schwanen maachen well dat haut am Radio koum. Mee well se an der däitscher ëmmer froen wann e Problem ass, do hat ech dat och hei gefrot mat deer englescher Këscht wéi dat mech gewonnert huet. Mee wanns de net weess u wat et läit, ech hu jo elo e Kont da gesinn ech dat jo ni méi. Et war just fir wann nach anerer sech vläicht och do aschreiwen, well dat ass jo awer konterbosseg. --Weltbierger 19:37, 15 Februar 2006 (UTC)

Ech well dech just drop opmierksam maachen datt ee kann/soll d'Këschtchen Mineur Ännerung uklicken wann een an engem Artikel just Schreiffeeler o. ä. verbessert ouni Text (Inhalt) bäizestezen, well dann gesäit een op der Säit rezent Ännerungen datt do näischt "Emwerfendes" am Artikel geännert huet. Merci --Marcus 20:02, 15 Februar 2006 (UTC)

Ah, dat ass wéi dat Nur Kleinigkeiten verändert. Ech wärt versichen drunn ze denken. Well fir mech schafft de Mineur an der Minière, do wosst ech dann net genee wéi dat sech weisst. --Weltbierger 20:15, 15 Februar 2006 (UTC)

Hei elo och, et ass iwwerall. Ech kopéieren et emol, well ech weess net wéi een dat soll beschreiwen wou dat ass. Also: Your edit includes new URL links; as a protection against automated spam, you'll need to type in the words that appear in this image: (What is this?) Kann een dono kucken, well mäin englesch ass net esou, soss sëtzen ech do bäi bal all Wuert. --Weltbierger 20:21, 15 Februar 2006 (UTC)

Do war nach meng Fro: Wou kënns de un d'Schreifweis "lëtzeboiesch"?? Déi hunn ech nach nie begéint. --Cornischong 20:30, 15 Februar 2006 (UTC)

Dat sot ech dach, lies do vu gëschter. Konnt schonn een dat mat der englescher Këscht an d'Rei setzen, well wann do nach méi kënnt dat gëtt mer zevill? --Weltbierger 18:51, 16 Februar 2006 (UTC)


Pardon, Weltbierger-; ech kucke lo schon eng gutt WEil noo, wat op der lëtzeboiescher Wikipedia afgeet (ech hunn mech awer réischt loo agescchriff, well déi komesch Schréft aus der änglescher Kèscht hun ech net op mengm Ei/Mäck) (soo dem otets mol de soll daat machen, soß mëcht jo kän ët} an ech krée matt, dass hei och Trippelgänger schräiwen. Pardon, mei Klawéier as QWERTY dovier könnt ierch mei l!etzeboiesch bösse friëm vier. Léiwe Weltbierger, huel denge Drillingsgebridder Voltaire an Otets [hun matkrit- dien as loo Buerokgraat- mengFelizatzionen) bäschte Gréiss mat an da sees de dengem Nëwi Thorse an dengem Paetter Uditex (ass dien och schon a Pensioun?) den Hippokonter as vu loo unns matt hei am Asaatz. Mat hippogekonterte Gréiss. -- --Hippokonter 10:53, 18 Februar 2006 (UTC)


Léiwen Hippokonter. Sief net ongerecht mam Voltaire! Merci. --Cornischong 22:21, 19 Februar 2006 (UTC)