Benotzer Diskussioun:Alexandra/Archiv1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Topegkeetsausbréch an Indonesien?[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Wéi ech duecht, ech sollt der mol eng Hand upaken mat de Vulkanen, do sinn ech am englesch-däitsche Bulli stiechebliwwen. Et geet ëm de Krakatau:
"Krakatau ist eine Vulkaninsel " / "Krakatoa (Indonesian name: Krakatau) is a volcano on the Indonesian island of Rakata in the Sunda Strait." Bei deene Engen ass et e Vilkan op enger INsel, bei deenen Aneren ass et d'Insel selwer.
"eruption ejected more than six cubic miles (25 cubic kilometres) of rock, ash .." / "]] 18 km³ Asche und Gestein in die Luft".
"Die Energie des Ausbruchs dürfte zwischen 200 und 2000 Megatonnen TNT " / ", equivalent to 200 megatons of TNT "
"(son of Krakatoa)." / "Kind des Krakatau"
"165 villages were devastated, " / "300 Dörfer und Siedlungen zerstörte "
Do kënnt et mer vir, wéi wann mindestens eng Equipe décken &%*£ géif zielen. Hues du bessert Material, deem ee gleewe kann? Fotoe wäerst de jo keng hunn:-)) Merci

Iwwer Sänger, Pop-Sänger a Schlagersänger[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg. Lo musse mer kucke, wéi mer dat mat de Gesankskënschtler maachen. Mer hu bis elo "Schlagersänger" (René Carol...) a Sänger vu klassescher Musek. Lo komme nach Pop-Sänger matderbäi. Ech wëll nëmme net 10.000 Katagorien, mee mer kënne d'Pop-Sänger net bei déi "klassesch" geheien. An drun denken, datt nach eventuell Jazz-Sänger komme kéinten, wa mer déi net an de Pop setzen. (Da friessen eis awer d'Jazz-Fans). Wat seet d'Fachfra? --Cornischong 14:09, 2 Jun 2005 (UTC)

Ech brucke nach driwwer. Wann ech an enger Woch net regéiert hunn: ganz haart jäizen! --Cornischong 14:45, 2 Jun 2005 (UTC)

"FirmeNlogoen" tjo, a wat soen d'Eifeler dozou? :-))) -->"Firmelogoen" (maach der näischt draus, ech trëllen och nach vill ze dacks driwwer.) Den Otets huet dat am Blutt. --Cornischong 09:01, 5 Jun 2005 (UTC)

Kéins du (well mat de Schablounen hunn ech keng Gewunnecht, a maachen net gär Eppes zu Onwee) bei Noutem d'Schabloun fir déi Uertschaft ariichten. Merci. --Cornischong 09:26, 5 Jun 2005 (UTC)

En décke Merci. Et geet awer näischt iwwer Spezialisten! --Cornischong 09:51, 5 Jun 2005 (UTC)

Gudde Moien. De "Franz Joseph Gall" ass deen éischten Artikel an den "Neurowëssenschaften". --Cornischong 19:49, 6 Jun 2005 (UTC)

Malta-Fotoen[Quelltext änneren]

E schéine Gudden. Du has jo gesot, du géifs an nächster Zäit op Malta an op Berlin (hoffentlech hunn ech mech elo net geirt) goen. Wann ech eise Malta-Artikel gesinn, da jäizt deen no Fotoen. Wéini war et schonns méi (Net datt s du op eemol net méi do bass)?! --Cornischong 22:54, 10 Jun 2005 (UTC)

Wann ech mer d'Geschicht vu Malta duerch de Kapp goe loossen, da kommen ech op eppes iwwer 5000 Fotoen, besonnesch der vun de Johanniter hire Buergen oder Uertschaften, dann d'Iwwerreschter vum Zweete Weltkrich op Malta (villäicht pakt dann endlech een deen Artikel un), Fotoe vun Schëlder oder Panneauen (oder Menuskaarten) mat Opschrëften (!!) wéinst der Sprooch. Dat ass mer lo mol agefall. --Cornischong 08:59, 17 Jun 2005 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

Moien,

a merci, dass de dech deem 'kategoreschen Imperativ' ugeholl hues. Dat mat deer glungener Geschlechter-Segragatioun hat ech ni richteg vertanen, firwat dat sollt gutt sinn.

Ee Virschlag awer nach: wéi wier et, eng zousätzlech Kategorie "Politiker (Europäesch Unioun)" ze schafen? Domatt kinnten dann eis Europadeputéierten a Commissiounsmemberen (déi natierlech all d'Kat "Politiker (Lëtzebuerg)" och bäibehale géifen), mee och Leit ewéi de Barroso, asw. besser aklasséiert ginn. Des wier dann hirersäits eng Sous-kategorie vun "Europäesch Unioun" a "Beruffer (Politik)". Wat mengs de?

E schéine Bonjour,--Zinneke 08:24, 14 Jun 2005 (UTC)

Ok keen Problem. Ech loossen dech dann rouëg drun schreiwen...Ech schreiwen dann einfach un eppes aanescht weider. Leit siëft wann ech gelift e bëssen gedëlleg mat mer. Ech hun eréischt gëschter en Kont opgemaach an weess nach net ganz wéi den Hues leeft. --DaffyDuck 20:45, 14 Jun 2005 (UTC)

De Kästner a 35 Wierder?[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Aus Firwëtz. Wat soll et ginn, wann et fäerdeg ass? Ech hoffe jo, datt aus dem Kästner Stomp e grandiosen Artikel erauswiisst. Oder wéi? --Cornischong 08:25, 16 Jun 2005 (UTC)

De Cornischong mécht Reklamm fir Qualitéitsoffensiven? --Otets 10:09, 16 Jun 2005 (UTC)

De Cornischong mécht Reklamm fir Qualitéitsoffensiven? --Otets 10:09, 16 Jun 2005 (UTC)

Op d'Zéiwen[Quelltext änneren]

Et misste mär zwee gewiescht sinn, déi en "Ännerungskonflikt" bei der Suzanne haten. Well ech Munneges g'ännert hat, hunn ech mäint ofgespäichert. Deng Category hat ech awer matgerett. Wann nach eppes dra war, da wier dat mat an d'Luucht gaang. Kuck mol nach eng Kéier driwwer. --Cornischong 14:27, 16 Jun 2005 (UTC)

zu den Doudegen[Quelltext änneren]

Wann et ëm Fotoe vu "wäitewech" geet, denken ech un dech. Hues de keng Fotoe vum "Père Lachaise"-Kierfecht. Wa jo, da weise de Fanger ;-) --Cornischong 17:56, 16 Jun 2005 (UTC)

Léisung vun engem mysteriéise Mysterium!![Quelltext änneren]

Tjo, domat léisst sech net ganz gutt eppes ufänken. Et gesäit een och net richteg, wat do drop ass. Weess de, ech hat gefrot, well ech net schaarf drop sinn, fir iergendwelleg Biller aus iergendenger Wiki ze huelen. Mee, ech hunn awer eppes Neies: Ech weess elo, firwat mer (den Johnny Chicago an ech )de Problem hate mat den horizontale Fotoen, déi mäer net gesinn hunn. Da lauschter gutt no. Wann s de eng Foto an eng Galery setzt, da späichert d'Wikipedia-Software se af op 120 mol 90 Pixel (déi horizontal!). An dat ass de Format vun den Internet "Werbebanner"; an déi ginn vun de "Firewall"-Programmen afgesäbelt, d.h. verhënnert!!! Dat heescht, all déi, déi e Firewall hunn oder déi de firewall vum Windows xp benotzen, kréie bei de Biller vun 120x90 Pixel alles afgeblockt. Wat ee maache kann (an dat war et, wat ech gemaach hat) et kierzt een d'Biller just ganz e bëssen, z.B. op 118x88 Pixel, da ka jiddereen se nees gesinn. Dat ass d'ERklärung vun deem Phänomen. Gutt, hein? --Cornischong 20:02, 16 Jun 2005 (UTC)

Also näicht mat der Meta-Billerinfo. Just datt ech bäi verschidden horizontaler en Ausschnëtt geholl hat (déi hues de gesinn) an anerer net (déi hues de net gesinn). Mäi Kompliment fir déi Detektivoarbecht. Mee kann een déi Optioun am XP-Firewall net ofstellen? --Otets 21:54, 16 Jun 2005 (UTC)

Am Prinzip net, well da gëss de nees zouge%$ç£ mat Spamswouscht! Mer kierzen einfach d'Fotoen ganz e bësslchen ier mer se drasetzen. Wat e Klimbim. --Cornischong 22:07, 16 Jun 2005 (UTC)

Kann ee maachen. Mee u sech ass d'Gallery jo just e Wartesall fir Biller, déi spéider an en Artikel ouni Gallery kommen, wou da souwisou kee Problem wäert sinn... --Otets 23:08, 16 Jun 2005 (UTC)

Am Wartesall gëtt d'Zäit engem awer laang wann een d'Biller net ka kucken.

Wann et eng Méiglechkeet gëtt fir d'Biller ze kucken, firwat dann mat sengem sture Kapp duerch d'Wand goen , an derbëibleiwen ,an d'Fotoen sou speicheren, fir dat aner Leit déi Biller nët gesinn.Johnny Chicago 23:42, 16 Jun 2005 (UTC)

E Wartesall mat Rummen ouni Biller[Quelltext änneren]

Dat muss een sech emol virstellen. --Cornischong 00:10, 17 Jun 2005 (UTC)

Da gei an de Pei-Musée, do gesäis de et. --Otets 13:16, 17 Jun 2005 (UTC)

Muladevasasidevavyakhyananataka[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg. Setz den Muladevasasidevavyakhyananataka-Artikel am beschten an eng "Alindesch Literatur" - Kategorie. (Gutt, datt ech der dëst net um Telefon gesot hunn :-)) Merci. --Cornischong 12:25, 17 Jun 2005 (UTC)

Alindesches, Algriichesches an aalt Gezei[Quelltext änneren]

Aus eiser interessantester Säit (!): "Zesummegesate Wierder: Bei zesummegesate Wierder behällt all Deel seng Schreifweis: Al+stad, of+rapen, vir+liesen, Ur+grousspapp, Of+fall" Also: alindesch kritt een "a", "algriichesch" iwwregens och, well et een zesummegesate Wuert ass. Mee "aalt Gezei"; do kritt "aalt" der zwéin, well zwéi Konsonanten hannendrun trëppelen. Alles klaro? :-))) --Cornischong 13:38, 17 Jun 2005 (UTC)

Sonnerzeechen[Quelltext änneren]

Du mengs et gutt mat mär, mee dat Ganzt ass vill méi quokeleg. Et geet mär zum Beispill ëm en "u" mat engem horizontale Stréch driwwer. --Cornischong 15:01, 17 Jun 2005 (UTC)

D'Wonnerléisung[Quelltext änneren]

Merci fir all déi gutt Rotschléi. Ech hunn allerdéngs déi "perfekte" Léisung fonnt: Ech loossen (sou wéi de google och) d'Sonnerzeechen einfach ewech. Ass dat net flott?! Mee extra fir dech: Do gespenstert nach en Artikel dorëm, deen an selwecht Dëppchen kéint eragemaach ginn: de Ramayana. Merci. --Cornischong 16:36, 17 Jun 2005 (UTC)

kanns de mer wann ëch gelift deng Idi vun enger Tabell e bessi méi genau erklären! Klengt wéi wann ët eng fein Saach wier <br\>eng aaner fro: also ech hun am moment immens vill ze din mazt deenen aaneren themen ewou ech amgaang sin drun ze schaffen. also ech iwwerloossen der ganz gären den Einstein an alles wat dozou gehéiert :)
fir sou eng tabell ze maachen gët schwéier well ech muss ganz vill erklärungen schreiwen. an fir all formel op eng eenzel säit ze maachen ass och net sou gudd well een dann déi ganzen zäit emmer hin an hir muss sprangen on den säiten. ech lossen lo mol sou sin fir den moment an dann wann mer eng gudd idi afällt soen ech bescheed :)--DaffyDuck 07:51, 19 Jun 2005 (UTC)

Gudde spéiden Owend[Quelltext änneren]

Schéin, datt s de ëm dës Zäit nach lusse kënns. Mer häät besser, mer kucke fir ausser der KAT Musekgruppen och nach eng "Lëtzebuerger Musekgruppen" ze bastelen. Soss wuessen déi engem spéider iwwer der Kapp. Mengs de net? A wuer kënnt de Fausti dran? "Lëtzebuerger Entertainer"? Oder wéi? --Cornischong 20:50, 18 Jun 2005 (UTC)

Lëtzebuerger an déi Aner[Quelltext änneren]

Lo sief net zevill entäuscht, mee ech si mer och net eens, wéi dat sech am beschte maache léisst. Am grousse Ganze mengen ech, datt et awer besser wier, fir eis "Leit" en eegene Ställchen anzeriichten. --Cornischong 12:08, 21 Jun 2005 (UTC)

Lëtzebuerger Musekgruppen, da komme mer laanscht d'Geklamers. --Cornischong 15:08, 21 Jun 2005 (UTC)

Vun oder net II ?[Quelltext änneren]

Ech liesen "Category:Politik vu Rumänien" an "fannt dir all Artikel zu der Politik a Rumänien déi .." Di hu mer nees déi "Geschicht". Wéi huet de groussen Otets geschriwwen: "Ech géif dat an "Argentinesch Geschicht" ëmänneren. En Adjektiv fënnt sech jo ëmmer, och wann een heiansdo e wéineg iwwerleeë muss." Kommt mer ginn deem och emol eng Kéier Recht, oder awer léiwer net? Well d'Politik vu Rumänien ka sech jo op aner Länner auswierken. --Cornischong 15:39, 21 Jun 2005 (UTC)

Lo gëtt et komplizéiert[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Eng Meldung an der "Welt" vun haut ( http://www.welt.de/data/2005/06/22/735101.html ) huet mech iergendwéi dronke gemaach. Déi schreiwen ".. Unesco setzt Grimms Märchen auf die Liste des Weltkulturerbes". Dat wier jo eisen "Weltierfschaft" Déi offiziell Lëscht ass hei: ( http://whc.unesco.org/pg.cfm?cid=31 ). Mee da stellt sech eraus, datt et ëm "..Die Kasseler Handexemplare der Kinder- und Hausmärchen der Brüder Grimm sind von der Unesco zum Weltdokumentenerbe erklärt worden." Dat wier ( http://www.unesco.de/c_arbeitsgebiete/mow_d.htm ) sou eng Zort Weltdokumentenierfschaft. Dann hätt jo d'"Welt" eng Topegkeet am Titel, oder wéi? D'Preisen hate natierlech den Originaltitel vum "World Heritage" net uginn. Leien ech richteg? --Cornischong 07:02, 22 Jun 2005 (UTC)

Fro un eng Wäitgereesten[Quelltext änneren]

Tjo, lo klappen ech nach eng Kéier un. Hues du keng Fotoen vun Deeler vun der Weltierfschaft? (Et weess ee jo ni). Wanns de mol Zäit a Loscht häss, da kuck emol op deeër Lëscht. Villäicht Köins de mathëllefen, hei an do en Skizz (oder méi) bäizepraffen. --Cornischong 08:05, 22 Jun 2005 (UTC)

Out of order[Quelltext änneren]

Ma da knips Alles wat nëmme vu Wäitem ausgesäit, wéi wann et géif op eng Foto passen. Eng schéi Rees wënscht d'Equipe vum Déngscht. --Cornischong 09:14, 22 Jun 2005 (UTC)

Schéi Rees a brëng gudd Fotoen matJohnny Chicago 09:28, 22 Jun 2005 (UTC)

An Dépliante mat Dokumentatioun fir d'Artikele bäi d'Fotoen ;-) Schéi Rees wënscht och den Otets 10:10, 22 Jun 2005 (UTC)


Ok wärt ech machen :-) --Alexandra 11:46, 22 Jun 2005 (UTC)

Ramses II.[Quelltext änneren]

Do ass en! Du has an den Text fir drënner zwou Klameren an en Accent dragesat, dat frësst de Server net. --Cornischong 08:37, 23 Jun 2005 (UTC)

Mee lo hunn ech Kabes drënnergeschriwwen (oder net?) déi véier si jo net de Ramses II. --Cornischong 08:40, 23 Jun 2005 (UTC)

Tjo, dat ass eng "Gewëssensfro". Schreift ee méi iwwer déi véier Ransessen, oder méi Skizzen!? Ech mengen, et wier net schlecht, wa mer géife méi Skizze maachen, da kann ee méi spéit (jo, jo) opfëllen. Wa mer mol iwwer déi Weltkulturierfschaft fir all Deel eng Skizz hunn, dann ass dat formidabel; et gëtt der jo, déi fänke net gären en Artikel un.. Kuck du mol weider op der Lëscht, da kucken ech mat World Memory Lëscht.ok? --Cornischong 08:53, 23 Jun 2005 (UTC)

Schreif just bei deene Saachen, déi op der UNESCO Lëscht stinn, dat derbäi. Merci --Cornischong 09:24, 23 Jun 2005 (UTC)

Schéin, datt s de nees hei bass. An, has de genuch "Filmer" am Knipsomat? --Cornischong 12:45, 28 Jun 2005 (UTC)

Halli. Eng Kierch, zwou Kierchen!! --Cornischong 17:57, 28 Jun 2005 (UTC)

E ganz décke Merci fir d'Foto vun der Kollwitz-Statu. (Hues de net nach Kollwitz-Fotoen, welch hu schonns laang wëlles en Artikel driwwer ze schreiwen. Ech sinn e ganz grousse Kollwitzt-"Fan") Fro: Hues de nach Fotoe vun der Neue Wache? Ech froen dech, well et ganz interessant wier wa mer eng Foto hätte vum Gebai vu baussen a vum Raum an deeër d'Statu steet. Ech hunn déi an der däitscher gesinn, an dat huet mech beandrockt (déi hunn allerdéngs d'Foto vum Raum, well se sech net trauen d'Foto vun der Statu dranzesetzen, se haten se schonns, mee se hunn se nees erausgeholl.) Du weess, datt ech léiwer "eege" Fotoen bai eis hunn, dofir froen ech. --Cornischong 09:00, 29 Jun 2005 (UTC)

Muséeën, Lycéeën, Employéeën, Penséeën[Quelltext änneren]

Kanns de nach déi Saach mat de "Muséeën" an de Kategorië flécken. merci --Cornischong 09:50, 29 Jun 2005 (UTC)

Dat ass jo fantastesch mat eiser "Berlin-Korespondentin" Lo hu mer jo an deene wichtegsten Haaptstied an Europa eis Korrespondente setzen!! (Paräis, Bréissel a Berlin) Nonndikass!--Cornischong 10:25, 29 Jun 2005 (UTC)

Eng gerousam Rees. --Cornischong 09:04, 2 Jul 2005 (UTC)

Anfrage/request[Quelltext änneren]

Hallo Alexandra, ich hoffe du kannst mich verstehen, wenn ich auf Deutsch schreibe, (otherwise i must write in english) oder ich muss User:Cornischong fragen ob er meine Anfrage übersetzen kann. Ich hab grad deine Bilder aus Berlin von letzter Woche entdeckt und wollte einige davon in die Commons hochladen. Leider sind sie mit keiner Lizenz (also weder GNU-FDL oder Public Domain) versehen, darum meine Bitte, dass du bei deinen Bilder die Lizenz noch nachträgst. Dann kann ich sie in die Commons hochladen und die ganze Welt kann an diesen teilhaben. Danke und viele Grüße. (de:User:BLueFiSH.as) --62.225.79.103 5 July 2005 00:26 (UTC)

Hallo Alexandra, ich nochmal. wollte grad endlich mal ein paar deiner Berlin-Bilder übertragen, aber leider fehlt noch bei einigen die Lizenz. Würdest du diese noch hinzufügen? Image:Berlin-Fernsehturm.JPG ist jetzt schon drüben, Image:Berlin - Marieekiirch a Fernsehtuerm.JPG muss noch warten. Danke und viele Grüße --de:User:BLueFiSH.as 18:17, 7 August 2005 (UTC)

Kuck emol am Stamminet, do ginn éischt Preparative gemaach, fir déi grouss Wiki-Friess. --Cornischong 9 Juli 2005 11:04 (UTC)

Welkammbäkk[Quelltext änneren]

Flott, datt s de nees hei bass. Zu dem Bluefish senge Suergen: Dee wollt e puer vun denge Fotoen op Wikipedia Commons lueden; dat geet awer nëmmen, wanns du bei d'Lizenz "GFDL" geschriwwen hues. Wann dat de Fall ass, da kann hien (hien hat jo geschriwwen, datt hien et géif maachen) doroplueden, a jiddfereen aus iergendenger Wiki kann déi do gesinn, a wann e wëllt, kann en déi an iergendeng Eiki abauen. (Da gëss de "berüümt!" :-)) Wann s de domat d'accord bass, da setz bei deng Biller (ech hat gement, du häss dat schonns gemaach!?) bei Lizenz: GFDL (tëscht duebel eckeg Klameren). Wann s du et net wëlls, da muss du guer näischt! Wat et hei Neies gëtt: Haut (also den Dag wou s du ness hei bass) hu mer 5000 Artikelen. Ze schumme brauche mer eis jo dowéinst net. An dann hu mer nach e ganz interessante Mataarbechter hei engagéiert, den "Ernmuhl", deen nach nei ass, awer sech fantastesch agelieft huet. Mat de Biller vu Malta, do kanns de mer jo mol an éischten Deeg Bescheed ginn, wat do alles leeft. Wéi gesot, d'Saach ass nawell am Rullen. Wann s de mar op Zack bass, da kanns de jo mol luussen, wéi dat mat de Kategorien ass. Den Ernmuhl huet och frësche Sauerstoff erabruecht: lo fluppt et mat de Lëtzebuerger Moler an sou weider. Wann nach Eppes ass, da komme mer drop zréck. --Cornischong 19:59, 11 Juli 2005 (UTC)

Da wars de jo net fir näischt dohi gaang. Du hues eng Mail an denger Këscht! --Cornischong 20:24, 11 Juli 2005 (UTC)

Gehéiert Gozo zu Malta oder wéi?? Ech froen dat well op der UNESCO Säit liesen ech, datt um Ufank just d'Tempelen vu Gganija op der Lëscht stoungen, eng Zäitchen drop goufen der nach derbäigesat. Dat Ganzt ass also net sou ganz einfach. --Cornischong 20:41, 11 Juli 2005 (UTC)

Groussherzoginnen à gogo[Quelltext änneren]

Du mengs d'Marie-Adeläide an d'Adeläide-Marie?? :-) Oder net? Wann et dorëms geet, da waren der schonns duercherneegeroden domat. --Cornischong 15:28, 12 Juli 2005 (UTC)

Den Zinneke huet um 16.10 d'Adeläide-Marie geréckelt. Dann héiert de Spuk op. --Cornischong 15:33, 12 Juli 2005 (UTC)

Moien. Ma da so du och emol wat s de mengs mat de Kierchenimm (beim "Talk:Mamer (Kierch)" --Cornischong 11:26, 13 Juli 2005 (UTC)

Wa schonns Problem driwwer steet!? De Piero Cappuccilli as dout. Lo wollt ech emol kucken ënner wat fir Kategorien d'Sänger oder d'Operesänger stinn. Dat ass awer eng däiwlesch Saach. Da hunn ech emol gemaach, wéi de Normalbesicher et géif maachen. Dee klickt op der Haaptsäit ënner Musek. Da kënnt en zwar op en Artikel, dee mat Musek ze dinn huet, mee wou sinn d'(Opere)sänger? An dann ass d'Sich um Enn. Dann denken ech drun, datt mer en Artikel iwwer den Ezio Pinza hunn; ech ginn an d'Kategorie sichen a fannen eng déi Operesänger heescht, aaa ... an do fannen ech nëmmen d'Gena Dimitrowa. Da ginn ech Ezio Pinza an; dee kënnt och an en ass mam Gottlob Frick an der Kategorie Basssänger. - - Ech wollt der just emol kloer maachen datt mer eis eng afale musse loossen. Ier geckeg domatter ginn: Wéi solle mar dat an de Grëff kréien? Et muss méiglech gemaach ginn, dat ee vun der Haaptsäit op eng logesch Manéier weiderkomme kann! Wat kenne mer do maachen? --Cornischong 14:56, 13 Juli 2005 (UTC)

Et deet mer Leed, wann ech mat bei deene sollt gewiescht sinn, déi am Mee net sonnerlech intresséiert waren fir dat Getriwwels ze tässelen. Ech hu mam Johnny Chicago rieds gehat, wéi een dat met Musek (fir lo mol nëmmen dat ze huelen) kéint andeelen. Mer brainstorme nach e bëssen. Ech halen dech um Lafenden. Looss dech awer nlo net dronke maachen. --Cornischong 09:37, 14 Juli 2005 (UTC)

Dat mat de Kierchenimm gëtt eng richteg Plo. Nodeems ech da gemengt hat, et wier besser mat Kierch unzefänken, erënners du mech un d'Méchelskierch, déi guer net mat dem "Kierch ..." System funktionéiert. --Cornischong 08:06, 15 Juli 2005 (UTC)

Mee meng eigentlech Fro ass: Wéi kënne mer et maachen, datt ee Friemen, dee sech seet "Lo kucken ech emol, iwwer watfir Kierchen déi hei eppes hunn". Dat fänkt natierlech mat der Haaptsäit un; op wat soll deen Aarme klicken?! --Cornischong 08:16, 15 Juli 2005 (UTC)

An der däitscher ass dat hirt "Portal"; mee dat ass famous Aarbecht. Ech setzen dat Ganzt emol op de Stamminet, well ech absolut der Iwwerzeegung sinn, datt wann een näischt erëmfënnt, dann huet dat Ganzt kee Sënn. --Cornischong 08:46, 15 Juli 2005 (UTC)

Halli. Lo hu mer (den Johnny Chicago an ech) eng Léisung fonnt, déi nach net grad e Portal ass, mee d'Musek rullen deet. A well ech dech scho laang net méi gelueft hunn: Deng Uläf fir d'Uertschaften si super. Dat huet emol eng Kéier missen 1.) gemaach 2.)gesot ginn. --Cornischong 09:32, 16 Juli 2005 (UTC)

Halli. "Männercher a Weibercher" Mengs du d'Basssänger oder Sopransängerinnen? Wann et dat war, dann: Bei deenen gëtt et nëmmen déi eng ODER déi aner. Bei Sopran gëtt et jo nëmme Fraen. Oder mengs du eppes Anescht? --Cornischong 08:54, 17 Juli 2005 (UTC)

Fotoen a keng Fotoen[Quelltext änneren]

Lo kommen ech erëm mat menger Saach: Vun denge Fotoen gesinn (zumindest) den Johnny Chicago an ech net déi, déi horizontal opgeholl sinn!! Ech hat jo mol erkläert wéi et dozou kënnt. De Witz ass deen, dat déi nach ëmmer "onsichtbar" sinn, ochdéi nei vu Malta! (Wann s de se "behandels", dann kierz d'Biller just ganz e bëssen just op enger Säit, datt se net am Verhältnis 120/90 sinn). --Cornischong 09:13, 17 Juli 2005 (UTC)

Über Bourgen und Burgen[Quelltext änneren]

Firwat den däitschen Numm vu Buerglënster nees op B"o"urglinster? ;-) --Cornischong 09:22, 17 Juli 2005 (UTC)

Gudd Fro... Du gesäis awer och alles --Alexandra 09:23, 17 Juli 2005 (UTC)

Ech gi jo och dofir bezuelt! :-) - Jo, ech gesinn de Baracca an den Elmo!! (Hues de o net e bësse vill geschnëppelt? Du brauchs just an der Héicht oder an der Breet gaaaanz e bëssen ewechzehuelen.) - Dann has de lo guttgedoen, mer dat direkt ze soen (dat mat de Fotoen vu Walfer an Ëmgéigend) well ech sinn domat heiandsdo terribel séier un :-))!! Kanns du mer nach soen, vu watfir Uertschaften du wëlles hues Fotoen ze maachen, dann trëppele mer eis net op d'Féiss, an den Johnny Chicago wäert sech dann och do ewechhalen. --Cornischong 09:31, 17 Juli 2005 (UTC)

Wat gebraucht gëtt: Kuckeswäertes aus den Uerschaften (dat ass heiansdo net einfach!!) d'Gemengenhaiser, Kierchen (bannen a baussen mat alle "Schikanene"), Monumenter, Portrait vum Buergermeeschter an all aner Sensatiounen, déi dorëmmer ze fanne sinn. Uertschaftsschëlder nëmmer bei spezielle Fäll. (Villäicht wier et awer eng Iddi fir d'Uertschaftschëlder uewe riets an dat klent Haischen ze setzen??). Merci am Viraus. --Cornischong 09:55, 17 Juli 2005 (UTC)

Portal-Luxus[Quelltext änneren]

E schéine Gudden. Wéi's de gesäiss, maache mer Fortschrëtter. Lo leeschte mer eis schonns "Portaler". Niewent der "Geschicht" gëtt et e "Musek"-Portal. Du kënns drop, wanns de op der Haaptsäit op "Musek" drécks. Kuck der dat emol un. No an no (stellen ech mer vir) wäerte mer dat opbauen; dann hu mer e besseren Iwwerbléck iwwer een Thema. Den Otets ass fir zwou Wochen (bis den 8.8.) ganz wäit ewech an d'Vakanz. Sou, lo weess de Alles, wat et an der Welt Neies gëtt. Nach sou niewelaanscht gefrot, hues de schonss e puer Billercher iwwer den Uelzechtdall? (Et ass just de Virwëtz, soss näischt). --Cornischong 07:44, 25 Juli 2005 (UTC)

Ech sinn et, fäert net. Op Lëtzebuegesesch ass Denkmal "Denkmal; Denkmäler". Mam Griewerbau hunn ech nach eng Fro: Do misst dach d'Méizuel kommen!? Dat Wuert ass mer awer net ganz geheier. --Cornischong 12:06, 25 Juli 2005 (UTC)

Et ass "Wäibau". Ech loossen awer den Ernmuhl roueg u sengem Artikel schaffen. Deen ass lo mol eng Zäitche roueg an huet mech schonns gefrot gehat, wéi et geet mat de Schantjens-Schëlder :-)) --Cornischong 12:12, 25 Juli 2005 (UTC)

Villäicht einfach "Griewer" oder wann dat net "zevill" ass: "Grafarchitektur"?? Zu de Portalen: Jo, ech sinn eppes vun happy, datt dat mol endlech urullt. Du kanns der schon Gedanke maachen, wat mer do nach bräichten (lues, lues, net zevill beieneen). Den Otets hat eis de Musek-Portal nach preparéiert (ech hunn awer och frëndlech "gefrot"), den Johnny Chicago an ech hunn doropshin hënt daru gebastelt a gekniwwelt. Mat als Nächst ass de Film virgesinn. Ausser du häss eppes schrecklech Dréngendes --Cornischong 12:21, 25 Juli 2005 (UTC)

Moien. Den Zinneke mengt (op menger Diskussiounssäit) och Griewer. Da lass! --Cornischong 11:25, 26 Juli 2005 (UTC)

Kategorien an der Bio[Quelltext änneren]

Falls mer wierklech eng Kéier all Artikelen hun op déi mer verweisen ass et secher gutt fir Kategorien ewéi Biochimie a Molekularbiologie ze hun. Fir de Moment géif ech et awer gutt fannen wann op mannst d'Haaptartikelen déi sou eng Ënnerwëssenschaft beschreiwen och kéinten an der Kat. Biologie sinn. Falls et net méigelech ass datt en Artikel an méi Kat. optrett (wouvun ech keng Ahnung hun) hun ech näischt gesot. Marcus 15:08, 26 Juli 2005 (UTC)

Den Otets ass mat allem d'accord, an den Zinneke och. Passt där De "Sieweburen" ? Ech hunn elo just do ugeruff: déi hunn en Dënschden, den 9. owes op. So mer nach Bescheed.

Also, wéi schonns um Stamminet ugemierkt, en Dënschden den 9. August um halwer aacht op "Sieweburen" (wéi déi sech nennen). Et gëtt villäicht nach dee geckege Problem, datt keen deen Anere kennt. Oder bal keen; bis op eng Persoun kennen ech se all :-). Deemno wéi, kënne se e Wikipedia-Schëld op de reservéierten Dësch stellen. --Cornischong 11:06, 27 Juli 2005 (UTC)

Fäert net. Fir datt déi aner Leit roueg iesse kënnen, loossen ech mer eng afalen. Ech halen dech um Lafenden. --Cornischong 12:30, 27 Juli 2005 (UTC)

Steseler Schreifweis[Quelltext änneren]

An deem Rayon muss ee waarm a kal gewinnt sinn. Do gëtt zënter Joerzéngten allerhand Schreifweisen iwwerliwwert. Mär halen äis (oder:eis) un déi "offiziell". Een, deen et misst wëssen, huet mer vun enger Uertschaft erzielt wou zweeërlee Schëlter sinn, jee nodeem obs d'eran oder aus dem Duerf erausfiers. --Cornischong 13:23, 29 Juli 2005 (UTC) Steesel deet sech wierklech schwéier mat den Uertschaftsnimm: Op dem Uertschschëld vu Mëlleref steet "Mëllerëf". An: Hues de gesinn, lo huet ee mam Artikel iwwer d'Steeseler Kierch ugefaang. An zuguer mat Fotoen :-) --Cornischong 16:47, 29 Juli 2005 (UTC) Jo, haut. Du bass jo awer net an der Schwäizer Garde? Mer kommen de 9. op dee Problem zréck. --Cornischong 17:01, 29 Juli 2005 (UTC)

Dat mam enorme Problem fir dech héiert sech béis un. Well ech en Ongedëllege sinn, wier ech frou wanns de mer dat mol maile kéins. W. e. g. -- Merci --Cornischong 17:05, 29 Juli 2005 (UTC)

Kategorie-Getriwwels[Quelltext änneren]

E Schéinen. Wéi s de gesäiss, fluppt et mat de Portaler (et war awer och Zäit ginn!). Fir de "Portal Lëtzebuerg" besser z'organiséieren wier et ganz léif, wanns de kéins déi dräi Kategorien "Lëtzebuerger Kapellen", "Lëtzebuerger Kierchen" a "Lëtezbuerger Kathedralen" an eng eenzeg zesummefaassen: "Lëtzebuerger reliéis Gebaier". Merci am Viraus. Sou kréie mer alles (Kathedral, Synagogen, Kapellen) an een Dëppchen, dat dann an dat grousst Dëppen (am Portal) "Reliéist Liewen" komme kann. Dat gëtt eng fantastesch Saach. Endlech Alles erëmfannen an enger Véirelssekonn! Kuck der mol dat Portalgedéngels un! Wanns de Kommentaren hues, dann .... --Cornischong 01:02, 30 Juli 2005 (UTC)

Lo hu mer eng quokeleg Saach: An eisem Dëppchen "Lëtzebuerger reliéis Gebaier" passen nëmme Lëtzebuerger dran! Also d'Cat "Däitsch Kierchen" kéint höchstens an "Däitsch reliéis Gebaier" ëmgebastelt ginn! --Cornischong 08:06, 30 Juli 2005 (UTC)

Entschëlleg, lo war ech e bësse vill "spontan". --Cornischong 08:08, 30 Juli 2005 (UTC)

Lo hu mer vill Wierder mat -ose hannen. Wat ech mech froen: Missten déi net mat -os geschriwwe ginn? Sécher sinn ech mer och net. Luussen nach no. --Cornischong 09:51, 30 Juli 2005 (UTC)

Dat eenzecht zesummegesate Wuert mat Kuel... an der "Bibel" ass "Kuelesaier". Do spillt och nach d'Eifeler Reegel dran. (jo, jo). D'Kuelesaier huet jo och näischt mat Kuelen ze sinn. Mee, well ech net sou mat där sinn, loossen ech der do fräie Laf. Schreif eoueg weider :-) --Cornischong 11:19, 30 Juli 2005 (UTC)

A wann een der transmuselanescher Wiki nees zevill gleeft[Quelltext änneren]

Hei ass wat den Duden zu der Saach met de Kohle£hydate an Däitsche seet: Koh|len|hy|drat, Kohlehydrat, das (Chemie): aus Kohlenstoff, Sauerstoff u. Wasserstoff bestehende organische Verbindung. © Duden - Deutsches Universalwörterbuch 2001. Et kann een deene guer näischt méi gleewen. (dat hunn ech schonns dacks hei gesot). --Cornischong 11:24, 30 Juli 2005 (UTC)

Dowéinst ass jo d'Eifeler-Regel do.

Jo, wéinst der Eifeler-Regel--> Kuelenhydrate£ (-er oder -en: Mat den Mézuelendungen ass et sou:Fréier waren et meeschtens -en. -er gräift awer ëmmer méi ëm sech.) --Cornischong 12:07, 30 Juli 2005 (UTC)

Den Diagramm[Quelltext änneren]

Wat eng Fro! :-) Hues du dann deen Diagramm schonns als "Word"-Dokument oder als "Powerpoint"-Dokument? Normalerweis méchs de se jo mat Excel. No menger Meenung (eng besser Léisung fällt mär lo net an: Den "doc." lueden, da mat "print screen" festhalen, duerno et an e Bildveraabechtungsprogramm lueden, da Bildauschnëtt a gespäichert als "jpeg". Wanns de wëlls, da schéck mer déi Datei mol erbäi, da kucken ech (och) wat sech do maache léisst. Looss mol kommen. Ech schécken der et dann zréck. --Cornischong 11:59, 30 Juli 2005 (UTC)

Lo hunn ech nach ee Problem. Du schreifs "seit" (amplaz "zënter") 1850, a well ech d' "original" Excel-Datei net hunn, kann ech den Text (seit) net änneren. Schéck mer just d'Excel-Datei oder änner d'Word an d'Powerpoint op "zënter". Looss kommen. --Cornischong 12:21, 30 Juli 2005 (UTC)

Du hues e Mail an e jpeg-Bild. --Cornischong 13:13, 30 Juli 2005 (UTC)

"Wéi wier et dann fir um Lëtzebuerger Portal, eng Rubrik mat Lëtz. Spezialitéiten ze machen (Iessen). - Gutt, datt s de mech drun erënnert hues, do war dach en Artikel mat deene Saachen. --Cornischong 15:55, 30 Juli 2005 (UTC)

Gudde Moien. Wann s de eng Kéier den Tour kriss: Ënner "Spezialsäiten" (lénks um Bord) fënns de "Säiten, déi net categoriséiert sinn". Kuck do mol eran; et wier fäin, wann d'Artikelen all eng Kategorie hätten. Wa mer se mol all an de Portalen hunn, mee dat as jo nach net fir iwwergëschtermar. --Cornischong 09:02, 31 Juli 2005 (UTC)

Lo hun ech mech e bësse verluer an de Comicfiguren: Ass de "Mils Abenteur" ënner der Cat. Comicfiguren. Ech weess, iergendwéi hätt ech den Artikel kéinte "Mil" nennen. --Cornischong 11:42, 31 Juli 2005 (UTC)

Serien. Sou einfach kann et heiandsdo sinn. --Cornischong 13:36, 31 Juli 2005 (UTC)

Gudde Mëtteg. Wéi's de gesäiss, sinn ech am "Büro". Wann s de dech mells, da kënne mer dat mam Site duerchhuelen. --Cornischong 11:41, 1 August 2005 (UTC)

Heh, och nach op!? Dat Aktualiséiere geschitt iwwer d'Server, an déi sinn "eng Zäitchen" hannendran (genee sou, wéi mat der Zuel vun den Artikelen). Maach der domat emol keng Suergen. --Cornischong 21:34, 1 August 2005 (UTC)

Halt! Stopp ![Quelltext änneren]

Da ass e Mëssverständnis. Den Johnny Chicago hat Kategorien derbäigesat an hie wollt déi al STOELOOSSEN. Looss weg. vun elo un déi al stoen. Hie këmmert sech drëm! --Cornischong 21:40, 1 August 2005 (UTC)

Sou, lo kann ech der et mol an aller Rou erzielen. Hie wollt déi eng stoeloossen an déi "lëtzebuergesch" nach derbäisetzen. Maach der awer lo näischt draus. Looss déi al einfach do stoen. Hie këmmert sech ëm de Battaklang. Wann s de nach solls Energie hunn, da kéins de nach e puer Uertschafte virbereeden. Wann s d'es awer genuch fir haut hues, dann nach eng gutt Nuecht. Ech sinn nach e bëssen aktiv a kucke mam Johnny Chicago, wat sech nach an de Portale maache léisst. Nach e klenge Kommentar: Deen Diagramm vu leschters mécht allerhand gutt. Sou eppes kënne mer eis mol nach méi dacks leeschten. --Cornischong 21:48, 1 August 2005 (UTC)


Moien,

eng kleng Remarque nach zu deem klenge Mëssverstandnis vun de lëtzebuerger Sportler. E lëtzebuerger Vëlosportler gehéiert och an d'Kategorie Velosportler, an dat besonnesch wëll mer elo och Portale maachen: z. B. wann ech de Portal Sport (wann et deen emol gëtt) opmachen, an ech kucken do ennert Velosportler, da fannen ech do keng lëtzebuerger Vëlosportler, wa mer déi net och ënnert der Category Vëlosportler opféieren. D'Category Lëtzebuerger Vëlosportler ass geduecht fir an d'Lëtzebuerger Portal anzesëtzen.

wann ech duerch déi Portalen emol eng Kéier nach eng Kategorie bäisetzen, wëll ech domat net deng ganz gutt Arbecht an de Kategorien a Fro stellen, ech wëll nëmme mir d'Arbecht an engem Portal vereinfachen.

Bis dann en Dënschdeg op de Siwebueren Johnny Chicago 23:30, 2 August 2005 (UTC)

Gemengen an aner Lëtzebuergesches[Quelltext änneren]

Tja, wanns du net erëm so grujelech Recht häss.Lo ass d'Gewëssensfro: Affers du dech op fir dee gudden Zweck oder solle mer soen "Et ass zwar net perfekt, mee mär mussen nei Artikele schreiwen". Wat mengs du zu deem quokelege Fall? --Cornischong 15:36, 3 August 2005 (UTC)

Diagrammen an Tricken[Quelltext änneren]

Alles an der Rei. Fir d'Diagrammen: Ma da ka jo deen, deen dat déi leschte Kéier gemaach huet weiderfueren :-) Haut ginn ech mol op Siweburen eis umellen; du traus de jo nach ëmmer? Ech hat wëlles, de Wikipedia-Globus op e Blat ze drécken (fir e Fändel fir op den Dësch), mee ech kréien deen net "eenzel". Kenns du do net en Trick? --Cornischong 10:37, 4 August 2005 (UTC)

Fr...portal[Quelltext änneren]

Ass dat emol fir den Ufank sou gutt? Wat feelt, wat muss nach g'ännert ginn? --Cornischong 17:36, 5 August 2005 (UTC)

An dat alles ëm Mëtternuecht[Quelltext änneren]

Du vermëss jo net den "Artikel vum Mount? :-)) --Cornischong 22:57, 5 August 2005 (UTC)~

Oenologesches[Quelltext änneren]

Eise "Portier" mécht der dat direkt an d'Rei!! Wann s de nach eppes z'änneren hues, ziel dem Johnny Chicago dat, da flutscht et. --Cornischong 23:13, 5 August 2005 (UTC)

Halli. Léiwer "Mieresfriichten" :-) --Cornischong 07:32, 6 August 2005 (UTC) Rehalli. Léiwer "International ..." :-) --Cornischong 07:48, 6 August 2005 (UTC)

Halli. Looss dech net doruechter maache mat deenen Ufroen. Mer klären dat en Dënschteg op Siweburen. --Cornischong 20:56, 7 August 2005 (UTC)

Merci datts du Numm a Virnumm sou bearbecht hues datt se an der Lescht richt opelescht ginn. Du hues secher gemierkt datt se all Beschof vu Lëtz, kéins du d'Kat net an lëtz Bescheef änneren well da kéint se och um Portal Lëtz bei "reléist Liewen" stoen ?=Marcus 10:31, 9 August 2005 (UTC)

Waats de gemaach hues wees ech nett, jiddenfalls gin se elo richteg (an net "richt" wéi ech mech uewen vertippt hun) d.h. dem Familjennumm no opgelescht, also alles ok, bis den owend Marcus 13:41, 9 August 2005 (UTC)

Halli. An dësem Fall mengen ech, net. well deen een huet nëmme grouss Buschtawen an deen aneren net. Villäicht leeft eis nach en drëtten iwwer de Wee. Bis haut den Owend ;-) halwer aacht. --Cornischong 12:01, 9 August 2005 (UTC)

Entschëlleg mech, ech war haut e bësse nei hei. Ech hat de REDIR net gesinn. Du hues natierlech absolut 100%eg Recht. --Cornischong 12:18, 9 August 2005 (UTC)

du misst dozou e Mail kritt hun –Marcus 12:02, 10 August 2005 (UTC)

- 1 Räich[Quelltext änneren]

Wann ech et richteg verstanen hunn, si mer elo bei 4 Räicher. A wéi dat dann? --Cornischong 20:00, 10 August 2005 (UTC)

ech hun elo en Artikel iwwert Lipiden ugefaang den haaptsächlech op méi genau definéiert Moleküllen hiweist an dofir aus biochemescher Siicht och sougutt ewéi komplett ass, mä du hues bestëmmt nach Infoen iwwert den Nährwert etc déi dodrapassen, also fuer roueg duer —Marcus 11:49, 11 August 2005 (UTC)

Back to the Future?[Quelltext änneren]

"Archaeen (Archaea), früher auch Archaebakterien genannt," fannen ech op der transmuselanescher Wikipedia. Wuer geet dat hin? freet sech de --Cornischong 17:23, 11 August 2005 (UTC)

Fäert net, ech sinn et nees mat enger "komescher" Fro. Do huet een en "Eukaryoten" opgemaach, wéi wier et mat "Eukaryonten" :-)? --Cornischong 17:59, 11 August 2005 (UTC)

Moien Alexandra, wat hälls du eigentlech vu menger Iddi vu Wikinews déi ech op dem Cornischong senger Diskussiounssait virbruet hunn? Wiers du dorun och intresséiert? Merci fier eng Äntwert op menger Diskussiounssait! --Christian 20:00, 11 August 2005 (UTC)

Moleküllen[Quelltext änneren]

ech hun mer elo e Programm erofgelueden fir Moleküllen ze molen (ech mussen awer nach probéieren) sou datt ech der elo kéint an d'Artikele setzen. Hues du Donnéen fir déi Tabell wéi se z.B. beim Saccharose (déi schengt Zockertabell ze heeschen), gett et do och eng allgemeng oder kenne mer eng maachen, well mir wärten se fir eng Rei wichteg Moleküllen brauchen (Pyruvat, Glycerol...) —Marcus 14:43, 12 August 2005 (UTC)

Osen (pour Info)[Quelltext änneren]

Laut Cornischong (cf. http://lb.wikipedia.org/wiki/User_talk:Marcus) kréien d'Osen (Zockeren) op lëtz keen "e" um Schluss also Glukos etc, ech probéien an Zukunft opzepassen, du misst also villäicht epuer Verbesserungen an dengen Artikelen maachen —Marcus 15:51, 12 August 2005 (UTC)

De Marcus huet schonns op "ännere" getippt. ok.ok. --Cornischong 16:09, 12 August 2005 (UTC)

E Redirect kann trotzdem net schueden, fir datt och déi, déi Problemer mat der Ortho. hunn, d'Artikele fannen. Dofir verstinn ech net grad, firwat s de d'Redirekter extra läsche gees. Elo muss ech se frësch maachen... --Otets 16:19, 12 August 2005 (UTC)

Du jo net, dat war un de Cornischong geriicht - och wann et an deem ganze Kuddelmuddel op deng Säit stoe koum. --Otets 17:43, 12 August 2005 (UTC)

Molekülltabell[Quelltext änneren]

ech géif virschloen eng nei Tabell ze maachen mat

  • Numm (uewen)
  • Bild
  • Formel
  • aner Nimm (bei Glycerol zB Glyzerin)
  • Aggregatzoustand
  • Molmass

méi net soss huet en dono iwerall Lächer, wann eppes méi ze soen ass muss en dat alt an den Text schreiwen —Marcus 16:14, 12 August 2005 (UTC)

E schéine Gudden. D'Biologie-Portal ass sou wäit prett. Do kanns de schonns ufänke mat araumen oder änneren (wann der eppes net richteg passt). Meng "Bäidréi" garnéiers de jo nach mat Kategorien. Merci. --Cornischong 07:38, 13 August 2005 (UTC)

"Zoologie a Botanik eraus". A firwat da wéi dann? Wuer soll d'Botanik dann hikommen? --Cornischong 08:57, 13 August 2005 (UTC)

Ech ginn dervun aus, datt mer gutt géifen drunner doen, am Viraus (!) e Begrëff ze kréien, wéi d'Biologie hei soll opgedeelt ginn. Wann ech an engem vun deenen etabléierste Léierbicher, dem Neil A. Campbell säi "Biology" kucken, dat jo op methodesch-didaktesche Schinne leeft, dann deelt deen d'Biologie an aacht Bléck op: D'Chimie vum Liewen; d'Zell; d'Genen, d'Evolutioun, d'Geschicht vun der biologescher Diversitéit; Form a Funktioun vun de Planzen; Form a Funktioun vun den Déieren; Ökologie a Verhalen. Den dtv-Atlas zu Biologie pakt dat Ganzt anescht un (zuguer ganz anecht). Well dat Ganzt hei en zimmlech décke Batz ass, wier ët schonns gutt, mer eenegen eis (ouni wochelaangt Gedeessems) op e (wéinegstens provisoresche) System, well alles, wat elo opgebaut gëtt, musse jo déi, di méi spéit dru schaffen och nach "verdaue" kënnen. --Cornischong 09:34, 13 August 2005 (UTC)

A wann ech schonns derbäi sinn: D'Encyclopaedia Britannica kuckt dat Ganzt nach e bësse méi breet. Déi gi fir d'éischt op d'Geschicht vun de biologesch Wëssenschaften an. Hiren Haaptdeel hunn se sou opgedeelt: 1. Molekularbiologei mat Biochemie, Biophysik a Genetik 2. Zellbiologie mat Kribsfurschung, Mikrobiologie, Tissuskultur an Transplantatiounsbiologie 3. Organbiologie mat Botanik, Ekologie, Embryologie, Ethologie, Eugenik, Genetik, Gnotobiologie, Morphologie, Paleontologie, Physiologie an Zoologie 4. Populatiounsbiologie mat Biogeographie, Populatiounsgenetik 5. Taxonomie a Klassifizéierungsmethoden. Dat sinn allerguer Andeelunge, déi eppes fir sech hunn. Da géif ech mol gär wëssen, wat mär sou wëlles hunn. --Cornischong 09:46, 13 August 2005 (UTC)

Der "Dian Fossey" misst de bal eng nei Kategorie spendéieren, well soss bleift deen Artikel "fir ëmmer" verluer! Déi aarme Fra ass bei de Beruffer verstoppt ginn. --Cornischong 11:40, 13 August 2005 (UTC)


OK, ech hun erausfonnt wéi d'Tabell fonktionnéiert, cf Artikel Glcyerol; ech hun déi bei den AS an PL eweggeholl well et do jo net em eng Moleküll en particulier geet... se war am Fong geduecht fir eenzel Moleküllen ze beschreiwen als nächst elo de Pyruvat --Marcus 14:43, 15 August 2005 (UTC)

hin an hier[Quelltext änneren]

Der Bom hiren Auto/Der Bom hire Radio/Der Bom hiert Haus/Der Bom hir Kornischongen. De Kazen hir Spillplaz. Dat ass mäi gréisste Problem :-)) --Cornischong 17:19, 15 August 2005 (UTC)

Halli. Do gesinn ech e Problem. Wa mer en "Abruzzen"-Artikel hunn, deen sech ëm de Wäi këmmert, wéi solle mer dat mat der "Regioun an Italien" dréinen? --Cornischong 18:31, 15 August 2005 (UTC)

Luuss emol bei der de "Weinbaugebiet". :-) --Cornischong 18:39, 15 August 2005 (UTC)

Et war "bal" alles an der Rei: Du has den "Homonymie-Artikel" Abruzzen genannt. (well dat ass jo den Numm, dee mer wellen "opdeelen". Dann hues de Abruzzen (Wäibauregioun) drënnergesat (well dat eng vu verschiddene Gebräicher ass). Mee du has (an dat war de Problem) déi aner Méiglechkeet d'selwecht genannt wéi den "Homonymie-Artikel" selwer, nämlech Abruzzen (an dowéinst ass e just fett ginn). Du häss missen déi aner Méiglechkeet anescht nennen, z. B. Abruzzen (Regioun). Dann häss de uewen "Abruzzen" an ënnerdrënner déi Bedeitungen, déi s de wëlls afleeden vun dem "Abruzzen", nämlech: 1. Abruzzen (Wäibauregioun) an 2. Abruzzen (Regioun). Ech hoffen, datt dëst der konnt eraushëllefen, an dech net ze dronke gamaach huet. Ech hunn der d'Homonymie "Abruzzen" an d'Rei gesat. Wann nach eppes ass, haart jäitzen :-)) --Cornischong 01:53, 16 August 2005 (UTC)

ANP - Organisatioun[Quelltext änneren]

Weess schonn een, wee bäi de verwaisten Artikele Gierwerei a Géisserei en Definitiounssaz hischreiwe geet? --Otets 11:16, 16 August 2005 (UTC)

== De Gàisserei-Artikel häss de kéinte réckelen (op Géisserei zu L.) Lo steet de "Géisserei" als Weesenartikel eleng do. Dat war dem Otets säi subtilt Fangerweisen. Sécher sinn ech mer awer net mat "Géisserei zu Lëtzebuerg", wellet goufen der jo méi!!  :-)) --Cornischong 11:42, 16 August 2005 (UTC)

Halli. Mer kënne schlecht den Artikel Brauerei zu L... nennen, well ët der jo méi gëtt. Eventuell "Brauereiwiesen zu L.." , mee dat kënnt mer e bësse friem vir. --Cornischong 11:49, 16 August 2005 (UTC)

Zu L an anerwäerts[Quelltext änneren]

Halli. Du hues Recht. Deen Artikel (an ët ginn deeër méi!) dréint sech eleng ëm L. Mee am Moment hu mer keen Artikel iwwer Géisserei (iwwerhaapt). Dofir hat ech gemengt, fir deen, dee mer hun einfach ëmzebenennen. Soss bleift een "eidelen" rescht. An dann déi Saach mat der Méizuel!!

Alles getässelt?[Quelltext änneren]

Sou, lo hunn ech emol e bësse getässelt. Lo misst ët an der Rei sinn. Wann der nach do sinn (Pabeier....) da kanns de déi einfach réckelen. Wa méiglech (Ausnahm: Parzläin..., well mer do nëmmen eng hunn) awer d'Méizuel. Hunn ech eppes vergiess?? --Cornischong 12:10, 16 August 2005 (UTC)

Lëtzebuerger Betriber[Quelltext änneren]

Wells du et bass, ginn ech der Recht. "Lëtzebuerger Betriber" (einfachen "i"!). An dann: Eng nei Këscht um L-Portal mat deem Titel. ok. :-)) Lo sinn ech e bësse fort. Pass op op déi Béis! --Cornischong 12:28, 16 August 2005 (UTC)

Wann heiandsdo eppes duebel ze gesinn ass (an den rezenten ...) De Server spillt de Vollisiot. --Cornischong 12:30, 16 August 2005 (UTC)

Halli. Kanns de mol weg dat liesen, wat den ernmuhl mer geschriwwen hat iwwer d'Handwierks- an Industriebetriber. --Cornischong 16:26, 16 August 2005 (UTC)

Halli. Deng Foto aus "Megalithesch Tempele vu Malta"-Artikel huet een an der franséischer an dem Artikel gebraucht, ouni den Numm vun der Kënschtlerin unzeginn. Ech hu mer erlaabt, deem eng Fauscht ze maachen. :-) --Cornischong 11:14, 17 August 2005 (UTC)

An ech hu mer scho Suerge gemaach. --Cornischong 15:14, 21 August 2005 (UTC)

Lëscht vu Lëtzebuerger Gruppen[Quelltext änneren]

Salut. Dei Sait sollt net mei bestoen. Ett soll Lëscht vu Lëtzebuerger Rock Gruppen sin. Ech liesen mech durch Faq. sorry wann ech eppes falsch gemach hun.

Mweis 18:20, 21 August 2005 (UTC)

An der Bréifkëscht läit nach eent :-) --Cornischong 18:09, 23 August 2005 (UTC)

Déireräich[Quelltext änneren]

Ech hun mer elo emol endlech desen Artikel méi genee ugekuckt an ech fannen dat ganz gutt (ech hun just 2 Klengechkeeten geännert); ech froe mech/dech just nach

  • Firwat stinn d'Protozoa nach bei den Déieren elo wou mer no langem Hinanhier en Domän fir si hun?
  • Firwat steet do ennen op der Säit "minnan:Tōng-bu̍t"? --Marcus 18:50, 23 August 2005 (UTC)

"minnan:Tōng-bu̍t" ass en Interwikilink op eng chineesesch Ënnerwiki (déi hu jo Mandarin, Simplified, Shanghai, etc.). Just datt dee Link net méi funktionnéiert, well et zënter 6 Méint oder sou "zh-minnan" misst sinn. Ech läschen dat, "zh" geet eis duer. --Otets 18:56, 23 August 2005 (UTC)

Effektiv hun se keen Domän mä awer e Räich fir sech wann ech richteg informéiert sinn –Marcus 12:01, 24 August 2005 (UTC)

Protisiten[Quelltext änneren]

de Problem bei dem "Gedéiesch" ass net just den vun sech auskennen well dat ass sou en heterogenen a künstleche Grupp. Souwisou kennt alles dran wat Eukar ass an net Pilz, Déier oder greng Planz ass. Ech mengen net datt en kann eng einfach Definitioun gin déi jidderen zefridde stellt. Ech wärt mer awer d'Saach ukucken a meng Gedanke maachen –Marcus 12:10, 24 August 2005 (UTC)

ich mal wieder[Quelltext änneren]

Hallo Alexandra, de:Benutzer:BLueFiSH.as hier. Ich hab ja vor einiger Zeit schon mal nachgefragt, warum bei deinen Bildern keine Lizenzen hinzugefügt sind. Du hast ja daraufhin viele Bilder als GFDL markiert, einige aber offensichtlich vergessen. zumindest ist es das, was ich annehme. Oder willst du nicht, dass einige deiner Bilder eine Lizenz haben? ([1] - was da insgesamt steht, versteh ich so gut wie gar nicht) Ich bin davon ausgegangen, dass du einige Bilder übersehen hast und hab, aufgrund meiner Annahme, trotzdem das Bild Image:Berlin - Marieekiirch a Fernsehtuerm.JPG in die Commons übertragen (hier) und ihm dabei GFDL zugeschrieben. Ich kann dort jetzt reinschreiben, dass du das nicht willst und es wieder löschen lassen. Da ich das aber irgendwie Quatsch finde und wie gesagt davon ausgehe, dass die Lizenzeinfügung von dir nur vergessen wurde (oder weil es in der lb:wp ziemlich lasch gehandhabt wird und eine Lizenz deshalb nicht notwenig ist), wäre es sehr schön, wenn du dich dazu äußern könntest. Ich finde es nämlich äußerst sinnvoll die Bilder in den Commons zu sammeln und andere Wikipedia-Benutzer genauso daran teilhaben zu lassen. Danke und Grüße. -- de:Benutzer:BLueFiSH.as / 84.59.49.155 21:24, 28 August 2005 (UTC)

es genügt !!![Quelltext änneren]

Da Alexandra sich einige Tage Ferien gönnt, werde ich antworten: "trotzdem das Bild ...in die Commons übertragen .. und ihm dabei GFDL zugeschrieben.": Mit der Zeit geht mir das ganze Gehabe mit diesem Bild auf den Nerv. Dieser missionarische Eifer um ein Foto finde ich sehr störend. Es würde niemandem hier eifallen, ein Foto, das sich in der deutschsprachigen Wikipedia befindet "entgegen allen Angeben" einfach "trotzdem" in die Commons zu befördern. Würde es dir etwas ausmachen, dich um deine eigenen Fotos zu kümmern und die Finger von Fotos zu lassen, die unter diesen Umständen (Lizenz) niemandes Schlaf rauben sollten. Du bist so freundlich wie möglich eingeladen, das Foto aus den Commeons zu nehmen und dich um die deutsche Wikipedia zu kümmern. Die brauchen vielleicht solche Mitarbeiter, die auf eine nervende Art und Weise sich Bilder "aneignen" und von Sachen "ausgehen", die sie eigentlich nichts angehen. Wie kommt es, dass nach den "Bilderstürmern" auf der deutschsprachigen Wikipedia jetzt Greifer ausrücken um fremdsprachige Wikis zu durchstöbern?? Nachmals: Schreib deinen Fotos die Lizenz zu, die du willst und verzichte bitte in Zukunft darauf, hier herum zu trollen. Wir haben hier andere Sorgen! Und nimm das Bild aus den Commons!!!!!!!!! Wir hatten bereits Probleme mit lieben Mitabeitern aus der französischen Wikipedia, die sich Fotos "genommen" hatten, ohne den Fotografen anzugeben. Dürfen wir uns jetzt wieder um unsere eigenen Sachen kümmern. War das klar genug??? Vielen Dank! --Cornischong 01:17, 29 August 2005 (UTC)

Danke für die Antwort. Falls das so rübergekommen ist: ich wollte keinesfalls unfreundlich oder aufdringlich sein. Ihre Antwort auf meiner Diskussionsseite habe ich nämlich auch in die von mir oben geschilderte Richtung verstanden (siehe [2]). Deine Einstellung kenn ich ja jetzt, auf eine Antwort von Alexandra werde ich trotzdem noch warten. MfG -- de:Benutzer:BLueFiSH.as / 82.82.189.146 08:23, 29 August 2005 (UTC)

E schéine Gudden. Fir eis Artikelen iwwer franséisch Stied, Dierfer, Uertschaften oder eaou, bräichte mer eng Schabloun fir se "anzepaken". Well ech mat deene Saachen net glécklech ginn, hat ech un dech geduecht. Well d'Fransousen e quokelege System hunn (Departementer, Arrondissementer, Kantonen, Gemengen, Kantonalhaaptuertschaften, Regiounen, ...) wier et ganz "flott" fir sou en "Dëppchen" ze hunn. Däerf ech schonns am Viraus Merci soen? --Cornischong 08:10, 5 Oktober 2005 (UTC)

Gudden Owend. Ech sinn elo eréischt ukomm. Ech kucke mer mol alles un, an da kriss de de Pefferkär. --Cornischong 17:04, 7 Oktober 2005 (UTC)

Halli. Ech hat iergendwéi un sou eppes geduecht wéi bei "Rédange". Et muss net grad Bonbonnière-gréng sinn :-). Mat Regioun, Departement, Arrondissement, Kanton, INSEE Code ... Mer misste jo kucke fir eppes ze hunn, an dat sou vill ewéi méiglech passt. Dierfer, Stied .. Ech hunn elo just mam J.C. geschwat, dee mengt och . "Eng Këscht mam Modell Rédange". Fir d'En-tête awer weg. eng eege Këscht (an der Këscht). Alles klaro? --Cornischong 17:21, 7 Oktober 2005 (UTC)

Nach eppes: Den Artikel iwwer dat franséischt "Rédange" hat ech schonns opgemaach, deen heescht bei eis "Réideng". --Cornischong 17:28, 7 Oktober 2005 (UTC)

Merci. Dat kucken ech mer haut nach mam J.C. un. Mer kommen drop zréck. Mee lo wëll ech dech awer net vun éisträichescher "Reportage ewechhalen. Nach eppes: D'Iddi, fir d'Museluertschaften (fr.lëtz. an däitsch) no an no opzebauen, rullt lues un. Hues du villäicht Fotoe vun Dierfer bei der däitscher Musel. (Winningen wier besonnesch interessant.) Déi aus der däitscher Wiki entsprieche leider net grad eisem "Niveau" ;-). Mee glécklecherweis fiert de J.C. mol mat de lëtzebuerger Uertschafte weider (déi hunn natierlech hei Prioritéit ;-)).

Wëllkomm! Sorry, but I don't speak Luxembourgish. I have a 3 questions: how is:

  • Union of Soviet Socialist Republics (long version)
  • Turkish Republic of Northern Cyprus (long version too)
  • Yugoslavia - in Luxembourgish language?

Please for an answers. Greetings, Antares (pl-wiki).

Hello, Antares. Nice to meet you here.
"Unioun vun de Sowjetesche Sozialistesche Republiken"
"Tierkesch Republik Nordzypern"
"Jugoslawien"
--Cornischong 08:44, 9 Oktober 2005 (UTC)

"Réidenger Modell"[Quelltext änneren]

Halli. Wanns de d'Hannergrondsfaarf méi hell méchs, hu mer d'Perfektioun erreecht. Dat Orange ass ganz schéin, mee sou léisst sech d'Schrëft net gutt liesen. Merci. --Cornischong 08:51, 9 Oktober 2005 (UTC)

Halli. Tipp-topp! --Cornischong 21:34, 9 Oktober 2005 (UTC)

Telepathie[Quelltext änneren]

Has d'et héieren? --Cornischong 12:20, 10 Oktober 2005 (UTC)

Abee dann. Wat eng Radiosendung awer Suite kann hunn :-))) --Cornischong 11:52, 10 November 2005 (UTC)

Haut de Mëtteg um zéng op zwielef koum op Radio Lëtzebuerg eng klengt Gespréich (4 Minutten) iwwer d'Lëtzwiki. Zuguer den Jimbo huet dra geschwat an eis positiv ernimmt! Ech si frou datt s de mol nees "den Tour" kritt hues. Mer wäerten dech jo hoffentlech reegelméisseg "matkréien". Wee kategoriséiert meng Artikelen, wann s du net do bass. A wouhir solle mer eis Fotoe hierhuelen?! --Cornischong 12:02, 10 November 2005 (UTC)

Kräisch net, datt s de d' RTL Saach net matkritt hues. Ech hunn se opgeholl, a mer wäerte nach Geleeënheet kréien, se hei eranzesetzen. Sou, lo muss ech mech nach op den Tour maachen. Et feelen nach Biller vun enger aarteleger Gégend. Bis herno A wann s de Loscht häss, da wier et ganz léif, fir d'Uertschaften aus der gemeng "Wal (Réiden)" opzemaachen :-) --Cornischong 12:20, 10 November 2005 (UTC)

Déi ass ok. Et wier awer interessant ze wëssen, wéi grouss en ass. Sou weess een net ob den "Hutt" 2 Millimeter oder 20 Zentimeter Duerchmiesser huet. Iergeneng Kéier daucht hei een op, deen eis soe kann, wat dat dann sou ass. --Cornischong 13:39, 25 November 2005 (UTC)

Ech leeë mech emol ganz wäit aus der Fënster a behaapten et wär e "Milchling" (Lactarius sp.) ouni Garantie --Marcus 13:48, 25 November 2005 (UTC)

Ech ginn där Diagnos 75 % Secherheet, à toi de voir; wann ech e live gesinn hätt wär et eppes aaneschtes, mee sou??? (vu datt d'Foto soll am Artikel Pilzeräich gebraucht ginn géif ech schreiwen Stännerpilz (Lactarius sp. (?))) --Marcus 14:05, 25 November 2005 (UTC)

Asiatesch Haaptstied[Quelltext änneren]

Merci fir déi asiatesch Haaptstied. Do kréie mer bal 50 nei Artikelen, wann der nach eng Hand mat upaken. D'Nimm huele mer jo aus dem SPIEGEL-Jahrbuch! Op déi Manéier gi mer déi exotesch Nimm lass (Ulan Bator). Kuck och de Kommentar op der Diskussiounssäit vun der Schabloun. --Cornischong 22:14, 26 November 2005 (UTC)

Eng Ausnam: déi fréier sowjetesch Stied (cf. Diskussiounssäit vun der Schabloun). --Otets 00:23, 27 November 2005 (UTC)

Paläontologie[Quelltext änneren]

Jo, do huet an der lescht vill geännert (2004, also laang nodeems ech mech intensiv domat beschäftegt hunn). Mir musse jo baal déi nei Andeelung (Neogen an Paläogen) respektéieren a verbreeden, mee, well een déi aal nach souvill fënnt, sollen dës och optauchen a mir missten déi Changementer och erklären (kuck emol hei [3]) oder op mannst sollen déi aal Nimm ernimmt ginn, awer net mat engem =-Zeechen, mee éischter en ≈ well do jo Saache gereckelt goufen an net just ëmbenannt. Fir de Känozoikum kuck hei [4], dorops referéieren sech och de- an en-wiki --Marcus 14:20, 1 Dezember 2005 (UTC)

Een Häerz fir d'Gundi[Quelltext änneren]

Moien Alexandra. Wann s de solls éischter op sinn, da wier et léif, wanns de dem Gundi e klengt Häische (Këscht oder Schabloun geet och duer) kéins bauen. Merci. --Cornischong 01:40, 2 Dezember 2005 (UTC)

Halli. Eise bloe Fësch (hu mer schonns dofir en Artikel "Leitsgeheier"?) ass wierklech e léiwe Kärelchen. Kanns de mer mol de Mail passéieren. Lo gläich ass Niklosdag ;-) --Cornischong 10:39, 2 Dezember 2005 (UTC)

E schéinen. An dem Marcus seng Chartreuse, op déi dee sech gefreet hat? :-) --Cornischong 22:06, 5 Dezember 2005 (UTC)

Ech knobelen un engem Mail. An zéng Minutte misst e landen. :-)) --Cornischong 22:14, 5 Dezember 2005 (UTC)

O mei. Ech war mam Mail an d'Archivéierungaarbechte geroden. --Cornischong 22:29, 5 Dezember 2005 (UTC)

Kéins du bäi deenen neien Haaptstied (z.B. Bangkok) w.e.g. eis Haaptstadkëscht (z.B. déi vu Moskau) drasetzen? --Otets 9:22, 7 Dezember 2005 (UTC)

Wat d'Awunnerzuel ugeet (a munneg Aneres) häss de am Beschten du kucks beim "CIA World Factbook" ( http://www.odci.gov/cia/publications/factbook/index.html ) Ëmmer um leschte Stand. --Cornischong 14:11, 7 Dezember 2005 (UTC)

Kee Problem. Zuguer d'Wiki geet haut "enorm séier" :-) --Cornischong 10:20, 8 Dezember 2005 (UTC)

Just den "Template:Taxobox genus entry" fannen ech net :-) ? --Cornischong 21:15, 8 Dezember 2005 (UTC)

Fiwat eigentlech "Aart (Biologie)"? Am Lëtzebuergesche fale mer do net direkt richteg Homonymiefäll an. --Otets 01:01, 12 Dezember 2005 (UTC)

Leitsgeheier[Quelltext änneren]

?????????? Wat / Wéi / Wou ??? --Alexandra 12:22, 12 Dezember 2005 (UTC)

Déi doten IP koum vun CEGECOM-HUSKY. Vergiess dee Kabes am beschten einfach. --Otets 13:39, 12 Dezember 2005 (UTC)

Mail do. --Cornischong 19:57, 12 Dezember 2005 (UTC)

Vigel/Vullen[Quelltext änneren]

menges Wëssens no sinn déi zwou Méizuele richteg, et hängt haaptsächlech dervun of mat wem ee schwätzt (am Lycée z.B. ass et ëmmer Vigel - de gréissten Adler ass do jo och e Villchen), me ech mengen op sou enger seriöer Plaz ewéi der Wiki muss een och kënne "Vulle" schreiwen --Marcus 09:28, 13 Dezember 2005 (UTC)

ech schléisse mech dem Cornischong un; Vull a Vullen a fir de Rescht e redir --Marcus 11:38, 13 Dezember 2005 (UTC)

Taxonomie an aner Kategoriesproblemer[Quelltext änneren]

Kéins du w.e.g. bäi de Biologieskategorien eraluussen, dat ass jo éischter däi Rayon. Do hu mer eng Kategorie "Systematik (Biologie)" an eng déi "Taxonomie" heescht. Sinn dat net Synonymen? Wann net, firwat steet dann den Artikel "Systematik (Biologie)" ënnert "Taxonomie" an net ënnert "Systematik (Biologie)"? --Otets 11:13, 13 Dezember 2005 (UTC)

ech gesinn do kee fundamentalen Ennerscheed den et géif derwärt maache fir 2 verschidde Kat ze hunn, hechstens e redir --Marcus 12:14, 13 Dezember 2005 (UTC)

Maache mer deemno also eng Fusioun vun deenen zwou Kategorien? --Otets 19:29, 13 Dezember 2005 (UTC)

"Wierbelsail", "Wierbelstuerm" a "Wierbeldéier" :-) (Jo, ech hu missen nokucken). --Cornischong 12:41, 13 Dezember 2005 (UTC)

A wéi soll déi definitiv dann heeschen, "Taxonomie" oder "Systematik (Biologie)"? --Otets 18:45, 13 Dezember 2005 (UTC)

Ass den "La Acebeda"-Artikel sou an der Rei, oder ass do nach e Knuet dran? --Cornischong 12:02, 19 Dezember 2005 (UTC)

Tabell? Ech mengen net. Wann s de kucks, wat dorëmmer drasteet, dann ass dat net vill. ok. --Cornischong 13:51, 19 Dezember 2005 (UTC)

(Wow, dat fluppt jo richteg): Tjo. geleeëntlech musse mer mol mat der Zuel weiderkommen. Wann s de wëlls, da wier et léif fir eng Hänni mat unzepaken. Fänk einfach hannen un (an der italieenescher steet déi anscheinend komplett Lëscht).

E schéine Gudden. Et ass net fir dech dronken ze maachen, mee fir "e gudden Zweck". Kann s de mol kucken, fir eng Këscht ze zwaffen am Genre "de:Provinz Antwerpen" (déi aner stinn am: "de:Politische Gliederung Belgiens" . Well mer jo elo op ville Fronte kämpfen, hätte mer dann och de Fouss an der belscher Dier. Do ginn et zwar nëmmen 589 Gemengen, awer et sinn alt déi. Ech weess, ech weess ... fir haut ginn ech mech. :-)) --Cornischong 16:51, 20 Dezember 2005 (UTC)

Den aarmen Tomateus freet, wéi mer dat met de Gebaier vun Tréier als "Category" maache sollen. Hëllef du him, well ech hu kee Gefill fir déi Affären. Merci. --Cornischong 16:10, 22 Dezember 2005 (UTC)

Heiansdo huet schonn een eng Kategorie "Tréier" dofir bäigesat. Ech weess elo net, op dat déi beschte Kategorie fir d'Gebaier ass (dee Choix iwwerloossen ech där), mee wann, dann awer wuel éischter "Stad Tréier". --Otets 12:14, 23 Dezember 2005 (UTC)

Wéi wier et mat enger Kategorie Tréierer Bauwierker? Do wäerte jo awer eng Partie Artikelen drakommen. --Tomateus 11:29, 23 Dezember 2005 (UTC)

Bauwierker kënnt mer net ganz "glécklech" vir, mee ausser Gebaier fält mer näischt an. --Cornischong 11:36, 23 Dezember 2005 (UTC)


Also Stad Tréier giff ech soen emol op alle Fall an dann Däitsch Gebaier. Fir ze präziséiern kann en jo Ënnerkat. machen, wéi mir dat bei den Däitsche reliéise Gebaier hunn. --Alexandra 13:55, 23 Dezember 2005 (UTC)

Mär hunn eng Kategorie "Lëtzebuerger Betriber" an eng "Lëtzebuerger Entreprisen". Ass dat keen Doublon? --Otets 00:00, 25 Dezember 2005 (UTC)

Ech hunn et elo selwer an d'Rei bruecht. Et steet elo alles ënner "Lëtzebuerger Entreprisen", well all Betrib och automatesch eng Entreprise ass, awer ëmgedréint net. --Otets 17:25, 25 Dezember 2005 (UTC)

"Madrid (Provënz)" supposéiert d'Existenz vun enger Homonymiessäit, "Provënz Madrid" net onbedingt. Wann ech un d'Belsch denken, da géif ech fir déi zweet Variant optéieren. Mee du muss wëssen, op s de iwwerall wëlls och eng Homonymiessäit opriichten oder net (an der Belsch si mer ouni gefuer). --Otets 17:48, 26 Dezember 2005 (UTC)

Jo, dat kléngt gutt. --Otets 17:56, 26 Dezember 2005 (UTC)

Du bass mer jo net zevill rosen, wann ech deng Valletta-Foto e bëssen "opdonneren". --Cornischong 22:20, 26 Dezember 2005 (UTC)

En vue vun enger Vereinfachung vun de Kategorien: Besteet a Spuenien all Gemeng aus e puer Uertschaften (wéi zu Lëtzebuerg) oder net (wéi am Frankräich, mee do sinn ech mer es och net sécher)? --Otets 23:54, 27 Dezember 2005 (UTC)

Mee wann ech dat richteg verstinn, da gëtt et ëmgedréint och Gemengen, déi e puer Uertschafte gruppéieren? --Otets 10:46, 29 Dezember 2005 (UTC)

"Wann ech driwwer nodenken wir et villeicht am einfachsten just d'Katgorieën Regioun/autonom Gemeinschaft, Provënzen an dann Uertschaften ze benotzen. Et kinnt een demno wéi jo och d'Provënzen andeelen a schreiwen: Uertschaft an der Provënz ..."
An déi Richtung sinn och meng Gedanke gaangen. --Otets 16:33, 29 Dezember 2005 (UTC)

Jo, bäi de Kategorien en Ënnerscheed tëscht Uertschaften a Gemengen ze maachen, dat gëtt ze komplizéiert. Huele mer einfach eng iewescht Kategorie "Spuenesch Uertschaften", déi ënneragedeelt ass a Kategorien nom Schema "Uertschaften an der Provënz xy". Ech wollt schonn e Bot maachen deen dat an d'Rei bréngt, mee vu datt ech wollt dat en an engems och eng kleng Tabell bäisetzt, zitt sech dat zäitlech e wéineg eraus. D'Kategoriestruktur kanns de awer roueg schonn opsetzen, da kënne mer et bäi neien Artikelen direkt richteg maachen. --Otets 17:40, 5 Januar 2005 (UTC)