Benotzer Diskussioun:Bouneschlupp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mat der Fro iwwer d'Autobunn misst de e bësse Gedold hunn, den Autobunnsmataarbechter ass haut am Laf vum Dag net hei. Mat de Feeler sichen: Maach dech bäi, et sinn der sécher genuch "do". --Cornischong 12:16, 29 Juni 2007 (UTC)

Merci fir d'Verbessere vu ménge Feeler. Ech hu mech scho vläicht e bëssen ze wäit aus der Fënster geluecht andeems ech denen aneren hir Feeler verbessere wëll an alles mä kee korrekt Lëtzebuergesch schreiwen! Huelt dir fir d'Verbesserung ëmmer de spellchecker.lu? Oder wéi maacht dir dat normalerweis? Normalerweis fale mer verdréite Bustawen, duebel Wierder, Wierder, déi feelen etc. op. Ech probéieren dann emol mënschlechen Zousatzspellchecker ze spillen, hunn awer och wëlles emol den en oder aneren Artikel ze schreiwen. (vum User Bouneschlupp)

Tjo, mat der lëtzebuergescher Schreifweis sinn der schonns op de Galéi komm:-))

Iwwerfléi mol am beschten eis Schongläffel-Säit Wikipedia:Eis Schreifweis. Mat dem Josy Braun sengem Bichelchen "Eis Sprooch richteg schreiwen" bass de schonns um Dréchenen. Dat liest sech gutt, kascht net vill a mat sengen 92 Säiten hieft kee sech e Broch an et geet didaktescht der Saach méi no. Ech selwer huelen de Spellchekcer net, a kann dowéinst net vill driwwer soen. Natierlech ass et eng praktesch Saach! Also: Blieder mol eise Schreiweis-Artikel duerch a fuer duer. Duerch d'Fale léieren d'Kanner goen. Hei bass de matzen dran, .... an der Praxis. --Cornischong 13:09, 29 Juni 2007 (UTC)