Benotzer Diskussioun:Nuechti

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Mär fannen super datt s du mathëllefs. Da looss et fluppen. Wanns de eng Fro hues oder e Problem, da loss et kommen. Hei kriss de gär gehollef. Am Moment geet dat Ganzt allerhand lues; an Amerika schaffen se un de Server.

--Cornischong 19:56, 10 Jan 2005 (UTC)

Salut. Du kannst der emol bei Gelegenheet de Pratchett-Atikel bei der däitscher (http://de.wikipedia.org/wiki/Terry_Pratchett) oder nach besser bei der englescher (http://en.wikipedia.org/wiki/Terry_Pratchett) Wikipedia ukucken (du weess jo, datts de doraus roueg däerfs eppes iwwersetzen)Op déi Manéier kriss de och e Begrëff, wéi dat esou geduecht ass. --Cornischong 20:12, 10 Jan 2005 (UTC)

Wann ech no deem Wuert sichen, da fannen ech guer näischt. Net am google, weder op Däitsch, nach op Englesch, nach op Fraséisch. Wat huet et domat op sech? --Cornischong 20:33, 12 Jan 2005 (UTC)

Eng Geschicht aus der hinduistëscher Mythologie. Hei een internet site: http://www.allturtles.com/articles/symbol.php, ann nach een: http://www31.brinkster.com/yewtree/reptiles/tortoise.rtf Am englëschen wikipedia steht et och dran.--Nuechti 20:54, 12 Jan 2005 (UTC)

Tjo an ech fannen naischt bedeitendes iwwert google mat chukwa mee awer mat chukwu do kreien ech dat heitent : http://organizations.uncfsu.edu/ncrsa/journal/v03/datta_absolute.htm. Einfach mat ctrl + F sichen no "chukwu" an dann déi puer Sätz ronderem. Fro : Ass dat dat selwescht oder ass et enger aner Schreifweis oder ass et e Märchen dat engem do op deem Link verzielt gëtt. Wann et just eng aner Schreifweis ass : w.e.g. e Redirect bastelen. --Karlthegreat Diskussioun 21:07, 12 Jan 2005 (UTC)

Nee, et ass Chukwa. Hunn op ee puer internet sites ëmmer déi selwecht story fond. Dovunner oofgesinn kann ech mech vague erënneren dass den Terry Pratchett an engëm Artikel vun sënger Inspiratioun geschwaat huet. Merci awer.--Nuechti 21:16, 12 Jan 2005 (UTC)

Tjo da wëll ech mol där Erklärung gleewen an dann hoffen ech datt ech och nach enges Dages en Artikel gesinn iwwert deen anere Begrëff, oder ?--Karlthegreat Diskussioun 22:19, 12 Jan 2005 (UTC)

Naja, ech wollt mech eigentlech net als Hindu Spezialist outen... mol kucken. ;-)--Nuechti 17:04, 15 Jan 2005 (UTC)

Den Treema[Quelltext änneren]

Salut. Ech hu bei dem Schreifweis-Artikel déi Saach mam ë (den e-Treema) mol béi däitlech gemaach. Prinzipiell kënnt den ë nëmmen an eng BETOUNTE Silb. Beispill "englesch" kritt um zweeten e keen Treema, well déi éischt Silb betount ass. Alles klaro? --Cornischong 22:21, 13 Jan 2005 (UTC) Jo, et woar jo eigentlech schon kloër, mee ech probéieren heiansdo zevill op Gehéier ze goen, sorry. --Nuechti 19:15, 14 Jan 2005 (UTC)

Salut. Eng kleng Fro: Firwat "Lëtzebuerger Fändel" na dann "Fändel vun der Belsch". Wier et net besser fir se all "Fändel vu(n) ...." ze nennen? Dann hätte mer se zuguer alphabetesch der Rei no? Wat mengt de Fändelfachmann? --Cornischong 16:50, 16 Jan 2005 (UTC) Ech mengen do sinn ech net onschëlleg drun :-) Ech hunn daat heindso sou, heinsdo sou a menge Linke genannt :-) ech schumme mech a stelle mech an den eck :-) --Briséis 19:21, 16 Jan 2005 (UTC)

OK. Ass effektiv besser wann se emmer sëlwecht ufänken. Gëtt geännert!--Nuechti 19:21, 17 Jan 2005 (UTC)

Fändelen di 2t[Quelltext änneren]

Ech bräicht zu denge Biller eng Lizenzugab an eng Quell :-) Daat ganzt gëtt op der Bildsäit ëmmer no folgendem Schema geschriwwen

  • Sujet:
  • Source:
  • Lizenz:

Du kanns der bei den anere Biller ukucke wéi et do gemaach ass. Oh an de Lëtzebuerger Fändel an d'Wopen hate mer schon als Bild... cf am Artikel Lëtzebuerg (Land), do sinn se dran. Et mecht jo kaum Sënn déi Biller duebel ze hunn, da geet alles nach méi lues.

--Briséis 19:27, 16 Jan 2005 (UTC)

OK. Ech muss daat checken. Sorry fir den Fändel, mee deen aneren Wopen wollt ech hunn, well ech dee méi schéin fannen... kann jo néischt schueden wann mer als Lëtzebuerger Lëtzebuerg ee bessen léiwer hunn, oder? ;-) --Nuechti 19:24, 17 Jan 2005 (UTC)