Bernardo Arévalo

Vu Wikipedia
Bernardo Arévalo
Gebuer 7. Oktober 1958
Montevideo
Nationalitéit Guatemala
Educatioun Hebräesch Universitéit Jerusalem,
Universitéit vun Utrecht
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Soziolog, Schrëftsteller

De César Bernardo Arévalo de León, gebuer de 7. Oktober 1958 zu Montevideo, am Uruguay, ass e guatemalteekesche Politiker, Diplomat, Soziolog a Schrëftsteller. Den 20. August 2023 gouf hien am zweeten Tour zum neie President vum Guatemala gewielt.

De Bernardo Arévalo ass de Bouf vum fréiere Staatspresident vum Guatemala (1945-1951), Juan José Arévalo. Hien huet seng Kandheet a Venezuela, Mexiko a Chile verbruecht. Hien huet op der Hebräescher Universitéitéit zu Jerusalem Soziologie an op der Universitéit Utrecht Philosophie a Sozialanthropologie studéiert. Hie gouf Diplomat an Héije Beamten am Ausseministère. No 1999 huet hie fir Interpeace an aner Fuerschungsprojete geschafft.

2017 huet hien d'Partei Semilla matgegrënnt. Hie war vun 2020 bis 2023 Deputéierten am guatemalteekesche Kongress, vun 1995 bis 1996 Ambassadeur vum Guatemala a Spuenien a vun 1994 bis 1995 Ministre-adjoint fir baussenzeg Affären.

Hien ass Autuer vun enger Rëtsch Artikelen zu Theeme wéi Geschicht, Politik, Soziologie an Diplomatie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bernardo Arévalo de León – Biller, Videoen oder Audiodateien