Biermösl Blosn

Vu Wikipedia
D'Bridder Christoph, Hans a Michael Well si Biermösl Blosn

Biermösl Blosn war eng bayeresch Museksgrupp, déi 1976 vun de Well-Bridder gegrënnt gouf a Bayeresch Volleksmusek a Mondaart mat politeschen a satireschen Texter verbonnen huet.

Den 18. Januar 2012 huet se zu Fürth hire leschte Concert gespillt.[1]

D'Equipe[änneren | Quelltext änneren]

D'Bridder Hans, Christoph a Michael Well sinn dräi vun de 15 Kanner vun der Schoulmeeschterfamill Well vu Günzlhofen, engem Duerf tëscht München an Augsburg.

Den Hans oder "Hansi" Well, gebuer den 1. Mee 1953 zu Willbrechtsszell sollt fir Schoulmeeschter léieren, mä e konnt, wéi et op hirer Websäit heescht "an der Biermösl Blosn mat Succès resozialiséiert" ginn. Hie spillt Gittar, Harmonika, Saxophon, Braatsch, Cor an Alphorn.

De Michael, oder "Michal", den 13te Well gouf den 10. Oktober 1958 zu Günzelhofen gebuer, spillt Bariton, Tuba, Flütt, Banjo, Dullemajik, Cello, Cor a Bariton-Alphorn.

De Christoph, oder "Stopherl", ass den 3. Dezember 1959 als zweetleschte Well zu Günzelhofen gebuer, huet Trompett an Harf studéiert. No dräi Joer bei den Münchner Philharmoniker als Solotrompettist spillt hien Harf, Gei, Gittar, Wäschbriet, Zither, Duddelsak, Tuba, Cor a Sopran-Alphorn.

Biermö.. wat?[änneren | Quelltext änneren]

Biermösl kënnt vu Bieremoos engem Deel vum Haspelmmouer bei München. "Blosn" ("Blase") heescht op Bairesch Clique, oder Grupp.

CDen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Ex voto
  • 1982: Grüß Gott, mein Bayernland
  • 1985: Tschüß Bayernland
  • 1987: Freibank Bayern (mam Gerhard Polt)
  • 1991: Jodelhorrormonstershow
  • 1994: Wo samma
  • 1998: Wellcome to Bavaria
  • 2002: Räuber & Gendarm
  • 2002: Der unbekannte Valentin (mam Gerhard Polt)
  • 2002: Räuber & Gendarm. Baierische Räuber- und Wildschützenlieder
  • 2003: Unterbayern
  • 2004: Zing Zang Zing
  • 2004: Sepp Depp Hennadreck
  • 2007: Klampfn Toni, mam Hans Söllner

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biermösl Blosn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biermösl Blosn trennt sich (Süddeutsche.de, 2011-08-25)