Biver (Bouches-du-Rhône)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Biver an de Bouches-du-Rhône. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Biver. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Biver | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Provence-Alpes-Côte d'Azur | ||||
Departement | Bouches-du-Rhône | ||||
Arrondissement | Aix-en-Provence | ||||
Kanton | Gardanne | ||||
Gemeng | Gardanne | ||||
Postcode | 13120 | ||||
Koordinaten | 43° 26’ 02’’ N 05° 27’ 58’’ O | ||||
Bevëlkerung | ± 4000 (2014) |
Biver ass eng franséisch Uertschaft an der Gemeng Gardanne an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur am Departement Bouches-du-Rhône.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vu Biver ass un d'Kuelegrouf bei Gardanne gebonnen. Zënter dem Ufank vum 18. Joerhonnert gouf do Kuel exploitéiert, andeems hot an har Lächer gegruewe goufen, wou sou laang Kuel - meeschtens vu Kanner - ausgegruewe gouf, bis d'Grouf mat Waasser vollgelaf ass.
1854 huet den Ernest Biver, e jonken, lëtzebuergesch-belschen Ingenieur, d'Exploitatioun vun der Minn iwwerholl an nei Techniken agefouert, fir d'Kuel ze fërderen an dat Ganzt ze géréieren. No an no goung et wirtschaftlech mat der Géigend an d'Luucht. 1889 krut e gréng Luucht an d'Ënnerstëtzung vum Bauteministère, fir en Tunnel, d'Galerie de la Mer, vum Puits Biver a spéider vum Puits Gérard am Nopeschduerf Mimet, bis an d'Madrague de fréiere Fëschereihafe um Cap Pinéde zu Marseille gruewen ze loossen. Domat sollt d'Waasser, dat sech soss an de Kuelegrouwen ugesammelt hätt, bis an d'Mier, dat eng 14 km wäit ewech ass, offléissen,. Deen Tunnel gouf awer eréischt en ettlech Joer no sengem Doud fäerdeg. En ass haut nach ëmmer a Betrib an d'Waasser aus de Grouwe gëtt an der Tëschenzäit benotzt fir e puer Datenzentre vun der Firma Interxion zu Marseille ze killen.
1891 huet de Biver nei Kuelegisementer fonnt, an den neien 275 m déiwe Pëtz gouf Puits Biver gedeeft. 1926 krut och d'Cité vun den Aarbechterhaiser säin Numm: Cité Biver. 1930 hunn do 2000 Leit an 265 Haiser an a 500 Wunnenge gewunnt.
1960 ware 45 % vun den Awunner Italieener, 16,5 % Fransousen, 12 % Spuenier, 8 % Polen, 8 % Nordafrikaner, 7,5 % Armeenier an 3 % Tschechen. 1970 louch d'Bevëlkerungszuel bei ronn 3000.
2003 hunn d'Grouwen an der Provence zougemaach.