Blues
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Blues ass eng vokal an instrumental Museksform, déi sech an der afroamerikanischen Gesellschaft an den USA um Enn vum 19. bis um Ufank vum 20. Joerhonnert entwéckelt huet. D'Wuert Blues staamt vun den englesche Spréch I’ve got the blues bzw. I feel blue[1].
De Blues bilt d'Wuerzel vum gréissten Deel vun der populärer nordamerikanischer Musek. Jazz, Rock, Rock 'n' Roll a Soul sinn no mam Blues verwandt. Souguer an aktuelle Stilrichtunge wéi den Hip-Hop huet de Blues seng Spueren hannerlooss.
Blues-Schema [änneren]
Déi heefegst Grondform vum Blues huet zweelef Takter, d'Melodie gëtt vun den dräi Grondakkorden an der 1., 4. a 5. Stuf (Tonika, Subdominant an Dominant) begleet.
| Akkorde fir en 12-Takt-Blues[2] | Akkorde fir e Blues am Do (C) | ||||||||||||||||||||||||
|
|
Fir d'Melodie gëtt eng speziell Tounleeder benotzt, bei där eng Rei Alteratiounen (Hallefnouten), déi sougennante blue notes, derbäi kommen, an aner Nouten ewech gelooss ginn.
Bluestexter [änneren]
D'Texter vum Blues besti meeschtens aus dräi Sätz, woubäi deen éischten eng Feststellung duerstellt, déi am zweete Saz widerholl gëtt, fir am leschten duerch eng Erklärung opgeléist ze ginn.
Hei als Beispill en Extrait aus dem "Rising High Water Blues" aus dem Joer 1927 vum Blind Lemon Jefferson, dee sech op déi grouss Iwwerschwemmung vum Mississippi bezitt:
- "Backwater rising, Southern peoples can't make no time
- I said, backwater rising, Southern peoples can't make no time
- And I can't get no hearing from that Memphis girl of mine."
Audiobeispiller [änneren]
- Charlie Patton (1891–1934):
18 34 Blues (1934) ? / i - Robert Johnson (1911-1938):
Milkcow's Calf Blues (1936) ? / i
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Wiktionnaire: Blues – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |
| Commons: Blues – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Speziell Säit vun der Library of Congress mat sellege Nouten- an Audiobeispiller aus der Fréizäit vu Blues, Worksong a Fieldholler (en)
- www.pbs.org 7-deeleg Filmserie vum Martin Scorsese presentéiert, 2003. (en)
- D'Geschicht vum Blues (de)
Notten [änneren]