Bombardier TRAXX

Vu Wikipedia
Bombardier TRAXX
Stéckzuel: ~700
Constructeur: Bombardier
Baujoren: 1997 bis haut
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 80 bis 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18900 mm
Héicht ouni Pantograph: 3.845 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 140 / 160 km/h
Stroumsystemer: 1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz
Leeschtung: 5600 kW

D'Lokomotive vum Modell TRAXX, sinn eng Famill vu Lokomotiven déi d'Firma Bombardier Transportation zanter 1997 produzéiert.

Modeller vun der Serie 145[änneren | Quelltext änneren]

Modell Bedreiwer #
145 Railion 80
145 Verschidde privat Societéiten 17
146 DB Regio 31
481 CFF Cargo (spéider un MRCE verkaaft déi se haut verlount) 6

Modeller vun de Serien 185.1 an 146.1[änneren | Quelltext änneren]

D'Lokomotive vun der Serie 185.1 sinn 2-System Lokomotive fir de Giddertransport, wärend d'Lokomotive vum Typ 146.1 reng 15kV Lokomotive fir de Persounentrafic sinn. Haaptënnerscheed ass hir Héchstvitesse vun 140 km/h fir d'185 an 160 km/h fir d'146.

Obwuel d'Serie 146 den néidegen Ekipement fir d'Zirkulatioun ënner 25 kV 50Hz huet, huet se kee 25.000 Volt Pantograph.

D'CFL 4000 sinn eng Verbindung vun béide Serien, well se nieft der 25kV Fäegkeet och en Noverkéierspak fir den Asaz mat Steierween huet.

Modell Bedreiwer #
185.0 Railion 400
185 Verschidde privat Sociétéiten 57
146.1 DB Regio 32
146.1 Metronom 10
Re 482 CFF Cargo 35
BLS Re 485 Lötschberg Bahn 20
4000 CFL als Serie 4000 20

Modeller vun der Serie 185.2[änneren | Quelltext änneren]

Modell Bedreiwer #
185.2 Railion 79
185.2 Verschidde privat Sociétéiten 16
146.2 DB Regio 47
146.2 Verschidde privat Sociétéiten an Däitschland 12
Re 482 CFF Cargo 15
Re 484 CFF Cargo 18

Speziell Serien[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den 2 grousse Famille vun 185er Gidderzuchlokomotiven an den 146er Persounelokomotiven, huet d'Gamme TRAXX nach eng Rei méi speziell Varianten.

Bombardier TRAXX F140 MS2[änneren | Quelltext änneren]

D'Traxx Serie 186

D'Bombardier TRAXX F140 MS2 ass eng Véiersystemlokomotiv fir den Asaz ënner de 4 Haaptstroumsystemer an Europa, sief et de Gläichstroumsystemer vun 1,5 kV an 3 kV an de Wiesselstroumsystemer vu 15 kV ⅔ Hz a 25 kV 50 Hz.

Déi meescht vun den ausgeliwwerte Maschinne sinn un d'Leasingfirma Angel Trains gaangen. Ënner anerem d'SNCB huet där Maschinne bei Angel Trains geleast a setzt se als Serie 28 an. An Holland ass et d'NS Hispeed 186 an an Däitschland d'Baureihe 186.

Serie E483[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie E483 ass eng vun der italieenescher Societéit Trenitalia bestallte Lokomotiv fir den Asaz ënner Gläichstroum. Am Prinzip ass se näischt anescht wéi eng Serie 186 bei där d'Wiesselstroumkomponenten, wéi zum Beispill den Transformator ewechgelooss goufen.

Renfe S/253[änneren | Quelltext änneren]

Renfe S/253 zu Saragossa (Aragonien).

Grad wéi Trenitalia, huet och déi spuenesch Renfe bei Bombardier Lokomotive fir Gläichstroum bestallt, awer an der spuenescher Breetspuer 1668 mm.

Serie 246[änneren | Quelltext änneren]

Eng Serie 246 mat engem Charterzuch.

D'Serie 246 ass d'Äntwert vu Bombardier op eng Demande vun der däitscher Bunn no dieselelektresche Lokomotive fir den Asaz mat 160 km/h. Si kënnt haut exklusiv bei der privater Metronom AG an den Asaz.

Serie 285[änneren | Quelltext änneren]

Als Konterpartie zur 246, offréiert Bombardier och eng dieselektresch Gidderlokomotiv. Mä well déi mat enger Leeschtung vun 2200 kW net sonnerlech staark ass, huet se sech bis elo nach net sou gutt verkaf wéi hir elektresch Sëschteren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bombardier Traxx – Biller, Videoen oder Audiodateien