Bot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Ënnert engem Bot (v. robot) versteet een eng Klass vu Computerprogrammen, déi zum groussen Deel autonom Aufgaben noginn, mat deenen e Mënsch oder eng mënschlech-interaktiv gesteiert Software zäit- oder quantitéitsméisseg iwwerfuerdert wier.

E Bot ass en tendenziell éischter simpelt, fläissegt "Aarbechtswiesen". Dofir gebraucht een déi Bezeechnung och normalerweis net fir quasi-selbstänneg Programmer am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz.

E ganz bekannte Beispill fir Bote sinn d'Webcrawler vun Internet-Sichmaschinnen, déi Websäite besichen, woubäi si de Links déi do sinn, noginn an dobäi ënner Ëmstänn de Contenu vun de Säiten auswäerten.

A Computerspiller (meeschtens Ego-Shooter) gi computergestéiert Akteuren, déi am Méispillermodus d'Rolle vun eigentlech mënschleche Spiller iwwerhuelen, och als Bote bezeechent.

Am IRC gi Bote fir d'Kontroll a fir d'Ophale vun Channele genotzt.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools