Bouneweger Schwämm

Vu Wikipedia

D'Bouneweger Schwämm ass nieft der Badanstalt an der Schwämm um Belair eng vun den dräi ëffentleche Schwämme vun der Stad Lëtzebuerg. D'Piscine municipale de Bonnevoie, wéi de Komplex offiziell heescht, läit op Nummer 30 an der Sigismond-Strooss beim Leschte Steiwer. D'Gebai gouf vum lëtzebuergeschen Architekt François Valentiny entworf.

D'Installatioune bestinn aus engem groussen (L=25m, B=15m, D=1,80m-3,80m) an engem klenge Schwammbaseng, enger Sauna, engem Fitnessraum an engem Solarium. Am Gebai gëtt et och eng Cafeteria.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]