Badanstalt (Stad Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Badanstalt, vum Boulevard Royal aus.
D'Badanstalt ass nieft der Bouneweger Schwämm eng vun deenen zwou Schwämmen vun der Stad Lëtzebuerg. De Centre de relaxation aquatique "Badanstalt", wéi de Komplex offiziell heescht, läit op Nummer 12 an der Biederstrooss. Virun der Dier ass en Autobusarrêt mam selwechten Numm Badanstalt.
D'Installatioune bestinn aus engem mëttelgrousse Schwammbaseng mat Whirlpools a Waasserstrutz, zwou Saunakabinnen, een tierkescht Bad, e Fitnessraum, Duschen a Buedbidden an ee Solarium.