Brian Johnson

Vu Wikipedia
Brian Johnson
Gebuertsnumm Brian Francis Johnson
Gebuer 5. Oktober 1947
Dunston
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Sänger, Televisiounsmoderateur, Lidderschreiwer, Liddermécher, Komponist
Member vun Geordie, AC/DC

De Brian Johnson, gebuer de 5. Oktober 1947 zu Dunston/Newcastle (Groussbritannien), war vun 1980 bis 2016 Sänger vun australescher Hardrock-Band AC/DC.

De Brian hat an de fréie 70er mat der Band Geordie verschidden Optrëtter als Virgrupp vun der Band Fraternity, wou en och de Bon Scott, de Sänger vun AC/DC, kennegeléiert huet. Deen hat spéider dacks vum Jonna, wéi e mat Spëtznumm genannt gouf, geschwat. Nom Doud vum Bon hu sech d'Young Bridder dorun erënnert, a sou ass de Brian den Nofollger vum Bon Scott ginn. Zanter dem 3. Abrëll 1980 ass de Brian offizielle Sänger vun AC/DC. Den éichte Live-Optrëtt hat en den 29. Juni 1980 zu Namouer an der Belsch. Hien huet d'Band 2016 wéinst Problemer mam Gehéier verlooss

De Brian ass passionéirte Golfspiller a Biker. A senger Fräizäit dreift e sech gär an Jazz- a Beatclibb erëm an en ass e Fan vum Eric Burdon (The Animals). Ausserdeem lauschtert hien och Ray Charles, Ike & Tina Turner an Joe Cocker.

Fréier Bands[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972 bis 1975: USA (spéider ëmbenannt an Geordie)
  • 1979 bis 1980: Geordie (nei forméiert)
  • 1980 bis 2016: AC/DC

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Soloalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1982: Strange Man
  • 2007: Totally Baked Soundtrack

Albume mat Geordie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973: Hope You Like It
  • 1974: Don't Be Fooled by the Name
  • 1976: Save the World
  • 1978: No Good Woman

Albume mat AC/DC[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Back in Black
  • 1981: For Those About to Rock We Salute You
  • 1983: Flick of the Switch
  • 1985: Fly on the Wall
  • 1986: Who Made Who
  • 1988: Blow Up Your Video
  • 1990: The Razors Edge
  • 1992: Live
  • 1995: Ballbreaker
  • 2000: Stiff Upper Lip
  • 2008: Black Ice
  • 2014: Rock or Bust