Brouilly (AOC)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Brouilly ass ee vun den 10 Crusen aus de Wéngerte vum Beaujolais. Déi 10 Cruse si vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.

Et ass e roude Wäin deen aus Gamayriewe produzéiert gëtt. Mat 20 % vun der Fläch vun de Crusen ass et deen, deen déi gréisste Produktion opweises huet. D'Lies gëtt nëmmen op der Hand gemaach.

De Brouilly ass e Wäin deen tëscht 3 a 5 Joer zäideg ass, an a gudde Conditioune kann e sech bis 10 Joer halen.

De Brouilly ass e Wäin deen am Handel méi einfach opzedreiwen ass wéi déi aner Crusen aus dem Beaujolais. Eng grous Parti dervunner kënnt trotz der Appellatioun Cru net wäit iwwer d'Qualitéit vun de Beaujolais-Villages eraus. Et si Wäiner déi e staarke Goût vun der Drauf hunn.

Déi bekannste Produzente sinn: Domaine de Bel-Air, Château de la Chaize, Domaine Dubost, J. Gonard & Fils (Händler), Bernard Jomain, Jean Lathuilière, Château Thivin.

[änneren] Informatiounen iwwer d'Appelatioun

De Mont Brouilly
Cabernet Sauvignon Gaillac.jpg Cruse vun der Appellatioun Beaujolais Cabernet Sauvignon Gaillac.jpg

Saint-Amour - Juliénas - Chénas - Moulin-à-Vent - Fleurie - Chiroubles - Morgon - Regnié - Côte-de-Brouilly - Brouilly.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen