CS Péiteng

Vu Wikipedia
CS Péiteng
CS Péiteng
Offiziellen Numm: Club Sportif Pétange
Veräinsfaarwen: Schwaarz-Blo
Grënnung: 1910
Opgeléist: 2015
Stadion: Stade Municipal de Pétange
Plazen: 400 gedeckt Sëtzplazen
2.000 net gedeckt Stéiplazen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den CS Péiteng (offiziell Club Sportif Pétange) war e lëtzebuergesche Foussballclub vu Péiteng. En ass 2015 an der Union Titus Péiteng opgaangen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Club Sportif Péiteng gouf 1910 gegrënnt an huet 1913/1914 fir d'éischt Kéier am Championnat matgespillt.

Vun der Saison 2004/05 un war Péiteng, no fënnef Joer an der Éierepromotioun, nees an der Nationaldivisioun vertrueden. No der Saison 2007/08 spillt de Veräin, no enger 14. a leschter Plaz, nees an der Éierepromotioun. 2008/2009 geléngt dunn erëm den Opstig an d'Nationaldivisioun.

Gréisste Succès an der Veräinsgeschicht war d'Victoire géint den FC CeBra 01 (5-0) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 2004/05 de 14. Mee am Stade Josy Barthel.

An der Generalversammlung am Mäerz 2015 gouf decidéiert fir mam FC Titus Lamadelaine ze fusionéieren. Béid Klibb waren 2015 an der Éierepromotioun. Den Numm vum neigegrënnte Veräin ass Union Titus Péiteng, dee fir déi éischte Kéier an der Saison 2015/16 an der Éierepromotioun ugetrueden ass.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 2005
  • Finalist (1x): 1992

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
2005/06 UEFA Cup Éischt Qualifikatiounsronn AC Allianssi 1-1, 0-3

Terrain[änneren | Quelltext änneren]

Den CS Péiteng huet laang am Stade Antoine Nangeroni zu Péiteng gespillt. Dee gouf allerdéngs an den 1990er Jore wéinst dem Bau vun der N31 ofgerappt. Duerno huet den CS Péiteng am Péitenger Stade Municipal gespillt. Deen ass offiziell fir 2.400 Leit zougelooss mat 400 Sëtzplazen op der gedeckter Tribün. Den Haaptterrain ass 110 op 64 Meter grouss. Den Trainingsterrain direkt niewendrun huet 100 op 60 Meter. Déi zwéin Terrainen hunn eng Beliichtung.

Terrain vum CS Péiteng

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]