Canon EOS 450D
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Canon EOS 450D, an Nordamerika heescht e Canon Eos Digital Rebel XSi an a Japan Canon EOS Kiss X2, gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten. En huet méi Funktiounen , ënner anere Live-View an eng méi héich Opléisung, wéi de méi ale Canon EOS 400D.
D' EOS 450D ass zënter dem Abrëll 2008 zu Lëtzebuerg ze kafen.
- De Sensor ass en 22,2 mol 14,8 mm CMOS-Sensor mat 12,2 Megapixelen a Biller mat maximal 2.848 mol 4.272 Pixelen.
- De Brennwäiteverlängerungsfaktor ass 1,6 mol
- Als Bildprozesser huet en een DIGIC III mat 14 Bits
- Den Autofokus gëtt vun 9 Punkte gesteiert.
- Am Sucher, deen eng Vergréisserung weist vun x 0,87, si 95 % vum Bild ze gesinn.
- De Verschloss geet vun 30 Sekonne bis 1/4000 an d'Blëtzsynchronisatioun ass 1/200 s.
- Gespäichert gëtt op eng SDHC-Kaart.
- De Boitier weit 521 Gramm mat Akku a Späicherkaart.
| Commons: Canon EOS 450D – Biller, Videoen oder Audiodateien |