Château Frontenac

Vu Wikipedia
Château Frontenac
Land Kanada
Koordinaten 46°48'42,55"N, 71°12'19,37"W
Datum vum Bau 1893
Opgaangen 18. Dezember 1893

De Château Frontenac ass e Luxushotel am Zentrum vun der kanadescher Stad Québec, an der Provënz Québec, an ass eng vun den Haaptaktraktioune vun der Stad.

E gouf 1893 no Pläng vum Architekt Bruce Price fir d'Eisenbunngesellschaft Canadian Pacific Railway am historistesche Stil (Neigotik- an Neorenaissance-Elementer) gebaut an huet der Chaîne Canadian Pacific Hotels gehéiert (zanter 2001 Fairmont Hotels and Resorts). 1943 gouf do d'Quadrant-Konferenz ofgehalen.

Den Hotel gouf nom Louis de Buade, Grof vu Frontenac a Palluau (1622–1698) genannt, dem bedeitendste Gouverneur vun der franséischer Kolonie Neifrankräich. E läit uewen op engem Hiwwel, iwwer dem Sankt-Lorenz-Stroum an dem Dall, wou d'Britte 1759 am Krich géint d'Fransouse gewonnen hunn, an doropshin d'Stad Québec iwwerholl hunn.

Am Alfred Hitchcock sengem Film I Confess ass de Château Frontenac e puermol ze gesinn a spillt eng wichteg Roll an der Schlusszeen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château Frontenac – Biller, Videoen oder Audiodateien