Charles Gounod
Charles Gounod | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles-François Gounod |
Gebuer |
17. Juni 1818 Paräis |
Gestuerwen |
18. Oktober 1893 Saint-Cloud |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Paräisser Conservatoire |
Aktivitéit | Musikolog, Musekspedagog, Organist, Komponist |
Member vun | Académie des beaux-arts |
De Charles Gounod, gebuer de 17. Juni 1818 zu Paräis, a gestuerwen den 18. Oktober 1893 zu Saint-Cloud, war e franséische Komponist.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]De Charles-François Gounod war de Jong vum Moler François-Louis Gounod. Nodeem hie säi Kolléisch am Lycée Saint-Louis fäerdeg hat, huet hie beim Antoine Reicha an dunn um Conservatoire de Paris, beim Jacques Fromental Halévy Harmonie a beim Jean-François Lesueur Kompositioun studéiert. 1839 huet hien de Grand Prix de Rome fir seng Kantat Fernand kritt. Hien huet vu sengem Openthalt an der Villa Médicis profitéiert fir besonnesch seng Kenntnesser iwwer déi reliéis Musek ze verdéiwen, ënner anerem iwwer déi vum Palestrina.
1859 gouf am Théâtre Lyrique seng Oper Faust, nom Drama vum Johann Wolfgang von Goethe, opgeféiert, an där d'Marguerite vum Faust verféiert gëtt, nodeem hien dem Däiwel seng Séil verkaaft hat. Wéinst der aussergewéinlecher Partitioun war de Succès grouss an am éischte Joer ware 70 Opféierungen.
1867, huet hien d'Oper Roméo et Juliette komponéiert, nom Stéck vum Shakespeare.
Wann de Gounod fir seng Opere berüümt gouf, dann huet hien awer och zwou Sinfonien an eng Petite symphonie fir zéng Blosinstrumenter (1885) geschriwwen, sou wéi och reliéis Musek, dorënner säi bekannten Ave Maria.
Haaptwierker
[änneren | Quelltext änneren]Period | Titel | Representatioun | Typ | Detailer |
---|---|---|---|---|
Operen | ||||
1858 | Le Médecin malgré lui | Théatre lyrique | ||
1859 | Faust | Théatre lyrique | Oper | onmëttelbar 200 Representatiounen, dunn nei opgefouert 1869 mat engem Balett (iwwer 500 Representatioune bis 1887) |
1860 | La Colombe | Bade | Reprise an der Opéra comique am Joer 1866 | |
1861 | Philémon et Baucis | Théatre lyrique | ||
1862 | La Reine de Saba | Oper a véier Akten | ||
1864 | Mireille | Théatre-lyrique | No engem Gedicht vum Mistral | |
1867 | Roméo et Juliette | Théatre-lyrique | Oper a fënnef Akten | No engen 100 Representatiounen, gouf d'Oper och an der belscher an éisträichescher Haaptstad opgefouert, wou se laang um Programm blouf. |
1872 | Les Deux Reines | Salle Ventadour | No engem Drama vum Legouve | |
1873 | Jeanne d'Arc | à la Gaîté | Zeenemusek | |
1877 | Cinq-Mars | Opéra Comique | Opéra | |
1878 | Polyeucte | Oper | ||
1881 | Le Tribut de Zamora | Oper a véier Akten | ||
1882 | La Rédemption | Birmingham | Oratorio | |
1851 | Sapho | Oper | ||
Reliéis, instrumental, sinfonesch a Vocalmusek | ||||
Mass vun der Jeanne d'Arc | ||||
Mors et Vita (Oratorio pour soli, chœur et orchestre, gouf 1885 um Festival vu Birnimgham fir d'éischt opgeféiert) | ||||
Patriotesch Musek | ||||
La statue de la Liberté, Kantat, déi zu New York opgefouert gouf | ||||
Petite symphonie, fir 9 Blosinstrumenter | ||||
Vill Melodië mat franséischem Text (z. B.: Sérénade de Hugo, Le soir nom Lamartine, Venise nom Musset) |
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Gounod z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss no him genannt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Faust par Richard Leech, Cheryl Studer, José van Dam, Thomas Hampson et l'Orchestre du Capitole de Toulouse, dirigé par Michel Plasson
- Faust, dirigé par Henri Büsser, avec Mireille Berthon (Marguerite), César Vezzani (Faust), et Marcel Journet (Méphistophélès), Versioun vu 1931
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Gounod – Biller, Videoen oder Audiodateien |