Charles Waringo

Vu Wikipedia
Charles Waringo
Gebuer 28. Januar 1920
Gestuerwen 23. Juni 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

De Charles Waringo, gebuer den 28. Januar 1920 zu Hesper a gestuerwen den 23. Juni 2015 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Postbeamten, Gewerkschaftler, Lokalpolitiker an Auteur.

De Charles Waringo huet 1939 säi Premièresdiplom (section commerciale) an der Escher Industrieschoul kritt.[1]

Zwangsrekrutéierten an Deserteur[änneren | Quelltext änneren]

Am Oktober 1942 gouf de Ch. Waringo zwangsrekrutéiert.

Am Oktober 1943 ass hien an Italien desertéiert an an d'Gefaangelager Camp Ellis (Illinois) an de Vereenegte State bruecht ginn, dono an de Camp McCain (Mississippi).

Am Mäerz 1944 huet hie sech fräiwëlleg gemellt, fir bei den Alliéierten ze kämpfen. Hie krut am Abrëll 1944 gesot, hie géif an d'Forces belges libres opgeholl ginn a koum “en attendant” an de Camp Butner (North Carolina), wou nach aner Lëtzebuerger waren. Ufanks 1945 war hien awer nach ëmmer als Prisonéier an deem Camp[2].

Am Mäerz 1945 huet hien zwar eng englesch Uniform kritt a koum op en amerikanescht Schëff, dat hien op d'europäesch Festland brénge sollt. Wéi hien awer zu Le Havre u Land goung, gouf hie festgeholl an an England an engem englesche Gefaangelager internéiert, dat hien eréischt de 6. Juni 1945 huet dierfe verloossen. Elo huet hien erëm en “normalen” alliéierten Zaldot duerfe sinn.

Den 20. Juli 1945 koum hien op Lëtzebuerg zeréck a gouf den Dag drop aus dem Militärdengscht entlooss.[3]

Postbeamten a Gewerkschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1945 bis 1982 huet de Charles Waringo als Beamten op der Post geschafft[4], zum Schluss an der Direktioun als Inspecteur premier en rang.

De Charles Waringo war an der CGFP engagéiert; vun 1965 bis 1985 war hien an der Chambre des fonctionnaires et employés publics.

Schëfflenger Lokalpolitiker[änneren | Quelltext änneren]

Politesch war hien an der CSV aktiv. Vun 1970 bis 1975 a vum 3. Dezember 1979 bis de 14. Juli 1988 war hie Member vum Schëfflenger Gemengerot; vum 1. Mäerz 1980 bis den 30. Abrëll 1985 war hie Schëffen.[5]

De Charles Waringo war och laangjärege Member vum Schëfflenger Kiercherot, Sekretär vun 1971 bis 1976 a President vun 1976 bis 1999.[6]

Lokalhistoriker[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Waringo huet sech och fir Lokalgeschicht intresséiert an doriwwer publizéiert, z. B. iwwer d'Pankratiuskapell oder iwwer d'Leit vu Schëffleng, déi 1766 an de Banat ausgewandert sinn.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Versuch einer Identifizierung der Familie Waringo aus Hüncheringen: Kriegstageblätter - in Bildern. Beim Verfasser, Schifflingen 2001, 72 S.[7]
  • Schifflinger Banatauswanderer im Jahre 1766: eine Episode der 1200jährigen Geschichte unserer Ortschaft. Schifflingen: Oeuvres paroissiales St.-Martin, Luxemburg 1999, 101 S.[8]
  • Kriegstageblätter - in Bildern: in Erinnerung an meinen Freund Teodor. Letzeburger Sonndesblad, Jg. 129 (1996), Nr. 30, S. 11 ; Nr. 31, S. 14 ; Nr. 32, S. 16 ; Nr. 33, S. 14 ; Nr. 34, S. 14 ; Nr. 35, S. 14.
  • Die Schifflinger Pankratiuskapelle: ihre Präsenz im Laufe der Jahrhunderte: ein Beitrag zur 1200jährigen Geschichte der Ortschaft Schifflingen. Schifflange: Oeuvres paroissiales St.-Martin, Luxembourg 1995, 75 S.
  • Schifflingen 1916. In: Société avicole Schifflange: 1916-1991. Schifflingen, 1991, S. 49-77.
  • Abt Bertels in Schifflingen. In: Lëtzebuerger Scouten. Groupe St. Martin Schëffleng: 1930-1990. Schëffleng 1990, S. 28-33.
  • Ceux d'antan: esquisses historiques autour d'un document de 1656. In: 75 Joër HMS: d'Schëfflenger Musék. Comité d'organisation du 75e anniversaire, Schifflingen 1988, S. 91-94.
  • 100 Jahre Telephon in Luxemburg. Luxemburger Marienkalender, Jg. 104(1983), S. 116-122.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zenner, R., 2015. À la mémoire de Charles Waringo de Schifflange. Luxemburger Wort 2015, Nr. 173 (28. Juli), S. 57.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg 2001, S. 447.
  2. Gefaangene Camp Butner North Carolina, Lëscht vun de Lëtzebuerger, déi Ufangs 1945 do zesumme waren.
  3. Charles Waringo: Erst Deserteur, dann “Prisoner of war”. [1].
  4. Zenner 2015. — Enger anerer Quell no wir hie vun 1947 bis 1983 bei der Post gewiescht. [2]
  5. Noruff op den Här Charles Waringo. CSV News: Op De Punkt. Mount Juli 2015. [3]
  6. Luxemburger Wort 2015, Nr.177 (1./2. August), S. 90 (Avis mortuaires: Remerciements).
  7. Kuck: Paul Margue: Charles Waringo, Versuch einer identifizierung der Familie Waringo/Kriegstageblätter, 72 S., beim Verfasser, Schifflingen, 2001. Hémecht 2001, 53 (3), S. 469.
  8. Kuck: Pierre Hannick: Compte rendu d'un ouvrage de Charles Waringo sur le Banat. De Familjefuerscher 58, Mee 2000, S. 33.