Chester Bennington

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Chester Charles Bennington gebuer den 20. Mäerz 1976 zu Phoenix, an Arizona, ass en US-amerikanesche Sänger. Hien ass den Ament bei de Metalbands Linkin Park an Dead By Sunrise aktiv. Virdru war hie Sänger bei der Band Grey Daze.

Den Chester huet eng schwéier Kandheet hannert sech. Nodeems seng Elteren gescheet goufen, gouf hien am Alter vun 11 Joer sexuell mëssbraucht. An der Schoul hat hie kee positive Kontakt zu sengen Matschüler. Hien huet sech an Droge geflücht a war scho séier ofhängeg vu Kokain a Crystal-Meth.

Am Alter vun 20 Joer huet den Chester seng grouss Jugendléift bestuet. 2 Joer méi spéit krute si e Kand. Am Joer 2005 huet d'Koppel sech getrennt, an am selwechte Joer huet de Bennington sech erëm bestuet. Haut huet hie 4 Kanner.

2006 huet sech den Chester bei engem Concert zu Singapur mat Linkin Park den Aarm gebrach, huet trotzdem de Concert weidergesongen. Um Enn vum Joer huet e sech schonnerëm blesséiert, déi Keier um Réck, an zwar esou schlëmm, datt déi ganz Asien-Tournee ofgesot gouf. No dësen zwéi Virfäll, esou den Chester selwer, kéint hien ni méi esou aktiv op der Bühn optriede wéi fréier.

Den Chester as haut besonnesch fir seng Jäizzeene bei Linkin Park bekannt, z.B. bei de Lidder A Place for My Head, By Myself, One Step Closer a.s.w.

[änneren] Um Spaweck


Commons: Chester Bennington – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen