Dead by Sunrise

Vu Wikipedia
Optrëtt am August 2009

Dead by Sunrise ass eng US-amerikanesch Rockband. Bei der Band handelt et sech ëm en Nieweprojet vum Linkin Park-Sänger Chester Bennington.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf 2005 ënner dem Numm "Snow White Tan" gegrënnt, ass allerdéngs eréischt 2009 bekannt ginn. Membere sinn/waren:

  • Chester Bennington: Gesang (2005–2011)
  • Amir Derakh: Gittar (2005–2011)
  • Ryan Shuck: Gittar, Hannergrondgesank (2005–2011)
  • Anthony "Fu" Valcic: Keyboard, Synthesizer (2009–2011)
  • Frank Zummo: Batterie, Perkussioun (2012)
  • Elias Andra: Batterie, Perkussioun (2009–2011)
  • Brandon Belsky: Bassgittar (2009–2011)

Den éischten Album vun Dead by Sunrise ass den 13. Oktober 2009 ënner dem Numm Out Of Ashes erauskomm. D'Wuerzele vun dësem Album reeche wäit an d'Vergaangenheet zeréck. Sou sollen déi éischt Musekstécker vum Album schonn 1999, also ongeféier zur Zäit vum éischte Linkin Park-Album entstane sinn. Richteg ugefaangen um Album ze schaffen hu se dunn 2006. Eigentlech sollt den Album och nach am selwechte Joer erauskommen, mä d'Verëffentlechung gouf wéinst dem Haaptprojet Linkin Park ëmmer erëm no hanne verréckelt. Am Summer 2008 sinn dunn déi éischt Opname gemaach ginn.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

De Stil vun der Band ass ganz ënnerschiddlech, e variéiert tëscht dem Alternative Rock, Hard Rock a Post Grunge. Op der CD sinn e Koup rockeg Lidder, wéi Crawl Back In, Inside of Me oder End of the World, mä awer och ganz roueg Kompositioune wéi Let Down, Give Me Your Name oder Walking In Circles.

An engem Interview, wou de Sänger Chester Bennington den Ënnerscheed tëscht Dead by Sunrise an där weltbekannter Metalband Linkin Park sollt beschreiwen, sot hien:

"It's hard to describe. Like, describe the difference between Soundgarden and Alice in Chains, you know what I mean? It's almost impossible. There are obvious things about it that when you listen to it, you'll know it's not a Linkin Park record. You're not gonna get confused. You'll have to hear it."
(Dat as ganz schwéier ze beschreiwen. Et ass, wéi wann een den Ënnerscheed tëscht Soundgarden an Alice in Chains misst beschreiwen, verstitt dir wat ech mengen? Et ass quasi onméiglech. Et gëtt oniwwerhéierbar Elementer, wouduerch een, wann ee se héiert, direkt wäert wëssen, datt et kee Lidd vu Linkin Park wäert sinn. Dat wäert ee matkreien. Et muss een et einfach héieren.)

Vill Lidder vun Dead by Sunrise stamen aus der Zäit vum éischte Linkin Park-Album Hybrid Theory. Et sinn déi Lidder, déi den Chester Bennington geschriwwen huet, déi sech och gutt unhéieren, awer net zum Stil vu Linkin Park gepasst hunn. Déi Lidder wiere méi donkel wéi déi vu Linkin Park, sou den Chester Bennington. Amplaz se z'änneren, a Linkin Park-Lidder draus ze maachen, huet hie se fir sech behalen, fir se a senger Solo-Carrière ze benotzen.

Tracklëscht Out of Ashes[änneren | Quelltext änneren]

  1. Fire
  2. Crawl Back In
  3. Too Late
  4. Inside of Me
  5. Let Down
  6. Give Me Your Name
  7. My Suffering
  8. Condemned
  9. Into You
  10. End of the World
  11. Walking in Circles
  12. In the Darkness