Alternative Rock

Vu Wikipedia
D'Alternative-Rock-Band Sonic Youth bei engem Concert (2005)

Alternative Rock (engl.) ass e Musekgenre deen an den 1980er Joren aus dem Post-Punk, New Wave an Hard Rock entstanen ass an deen dacks aus net-traditionelle Kläng a musekaleschen Elementer besteet, a manner aus Melodien, Harmonie oder Rhythmus. E gehéiert zur sougenannter "Underground"-Kultur (anti-populär an antikommerziell, konträr zu de geleefegen a beléiften Tendenzen). En hat seng Maturitéit a seng gréisste Beléiftheet an den 1990er Joren, genee wéi bal all d'Ënnergenren déi zënterhir doraus ervirkoumen.

Den Term "alternativ" gouf gepräägt fir eng nei an aner Aart a Weis ze beschreiwen, Rockmusek ze maachen, well déi generell genausou beléift a verbreet wéi Popmusek ass. Dem neie Genre ass et manner ëm Succès oder Verkafszuele gaangen; bal am Contraire hunn d'Gruppen hire manner melodeschen alternative Rock a klenge Baren oder Clibb am Underground gespillt (dat heescht, Klibb déi deemools net zur Mainstreammusek gepasst hunn).

Och gouf net op de Radio gezielt fir en ze populariséieren, mä méi op de Wuert-zu-Wuert. Eng aner Charakteristik ass dat d'Kënschtler hir Albumen iwwer onofhängeg Museklabele verëffentlecht hunn. Zu de verschiddene Genren, déi an der onofhängeger Musekzeen entstane sinn, ziele Shoegazing, Noise Rock, Grunge, Britpop, Indie Rock a vill anerer. Wat all déi Stiler gemeinsam hunn ass dat si de "Geescht", d'Astellung, vum Punk an de Genren, déi doraus entstane sinn, iwwerholl hunn.

Obwuel d'Denominatioun vum Alternative Rock eng Referenz u Rockmusek ass, hu verschiddenen Ënnergenren aner Musekstiler afléisse gelooss, wéi zum Beispill Folk oder Jazz.

Wärend den 1980er huet den Erfolleg vu veschiddenen Alternative-Rock-Gruppen, déi hir ursprénglech Usätz net opginn haten (Radiohead, The Smashing Pumpkins, Sonic Youth, R.E.M., The Cure an anerer) dozou gefouert, datt eng manner grouss Bedéitung op d'Ophuele bei engem onofhänge Label geluet gouf, oder datt eng Grupp nëmme Succès an der Undergrounzeen hätt. An den 1990er, mat der Maturitéit an der Verdéifung vum Genre, hu verschidden Ënnergenre et zu populärem Erfolleg bruecht a méi kommerziell Téin ugeschloen, wéi Grunge an den USA oder Britpop a Groussbritannien.

Beispiller vu Museksalbumen, déi vun der Kritik gutt opgeholl goufen, sinn OK Computer an The Bends vu Radiohead, Grace vum Jeff Buckley, Daydream Nation vu Sonic Youth, Loveless vu My Bloody Valentine a Siamese Dream vun The Smashing Pumpkins. Wat d'Verkafszuelen ugeet ass Nevermind vun Nirvana mat 26 Millioune verkaaften Exemplairen den erfollegräischsten Album.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]