Punk

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Punken op engem Festival a Groussbritannien (2003).

Punk ass eng Jugendkultur, déi an der Mëtt vun den 1970er Joren zu New York an zu London entstanen ass. De Begrëff "Punk" kënnt aus dem Engleschen an heescht souvill wéi "Wouscht".

Charakteristesch fir dës Subkultur si provokativt Ausgesinn, eng rebellesch Attitude an en nonkonformistescht Behuelen. Prägnant Motto vun der Punk-Bewegung, Enn vun den 1970er Joren, war de Refrain vun engem Lidd vun de Sex Pistols: "No Future". Am Kontext vum Atomkrichrisiko am Kale Krich huet Punk sech deemools géint den Idealismus an Optimismus vun den Hippie geriicht, an ass der etabléierter Gesellschaft (souwuel där reaktionärer wéi och der 68er) desillusionéiert a mat oppenem Refus a Brüskéirung begéint. Haut ass Punk keng eenheetlech anti-alles Bewegung méi, nieft den Anarchisten gëtt et och onpolitesch Mainstream Moude Punken an aner Splittergruppéierungen.

Et gëtt verschidde Rockmusek-Richtungen, déi sech "Punk(rock)" nennen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Punk – Biller, Videoen oder Audiodateien