Chilehaus

Vu Wikipedia
D'Chilehaus

D'Chilehaus ass e Bürosgebai mat 10 Stäck, zu Hamburg. Et ass eent vun den éischte Beispiller vun der expressionistescher Zillenarchitektur aus den 1920er Joren. Am Juli 2015 gouf et vun der Unesco zesumme mam Kontorhaus-Quartier wou et steet a mat der Speicherstadt, als Weltierwe klasséiert.

Et gouf vum Architekt Fritz Höger entworf an tëscht 1922 an 1924 gebaut. Bauhär war de Reeder Henry Sloman, dee mam Salpéiterhandel aus Chile räich gi war, an dohier dem Haus säin Numm ginn huet. D'Skulpturen am Trapenhaus a laanscht d'Fassad si vum Sculpteur Richard Kuöhl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chilehaus – Biller, Videoen oder Audiodateien